Top Local Places

Administration communale de Pétange

Place J.F. Kennedy, Pétange, Luxembourg
Government organization

Description

ad

Page officielle de l'administration communale de Pétange

RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

Pétange - rue de Niederkorn

Péiteng, Nidderkuerer-Strooss: Sudgaz schafft an deenen nächste Wochen ënner den CFLs-Brécken an der Nidderkuerer-Strooss zu Péiteng. Dowéinst ass vum 29. August bis de 14. September 2016 de Passage ënner de Brécken (tëscht der rue Bellevue an der rue du Chemin de Fer) fir de Verkéier gespaart. All weider Informatiounen ginn et op www.petange.lu

facebook.com

Timeline Photos

Trafic-Info: D'Gemeng Péiteng léisst matdeelen, datt d'Liberté-Strooss zu Péiteng nach bis muer Freideg, 26.08.2016 (16.00 Auer) fir de Verkéier gespaart muss bleiwen. De Grond heifir ass, datt en externe Fournisseur Verspéidung huet beim Uliwwere vu Material, dat gebraucht gëtt fir de Schantje kënnen ofzeschléissen.

Timeline Photos
facebook.com

PiKo - Piscine Kordall

PiKo - Piscine Kordall
facebook.com

Office social de Pétange (Vacance de poste)

De Péitenger Office social sicht en Assistant social (m/w) fir den SNAS (Service national d'action sociale). Et ass en hallwe Posten op onbegrenzten Zäit an ënner dem Statut vum Salarié. De leschten Delai fir d'Demande eranzereechen ass den 09.09.2016. All Détailer zu dëser fräier Plaz ginn et op www.petange.lu

facebook.com

Renouvellement d'infrastructures à Lamadelaine

Wéinst dem Upassen an dem Erneiere vun den Infrastrukturen a verschiddene Stroossen zu Rolleng bleift d'Kräizung "Providence", "Grand-rue" a "Montagne" vum 22. August bis de 14. September 2016 mat fir de Verkéier gespaart. Weider Informatione ginn et op www.petange.lu

facebook.com

Commune de Pétange: Reprise des cours aquatiques en septembre 2016

Am September geet et erëm lass mat den Aqua-Coursen an de Schwämme vun der Péitenger Gemeng. Aschreiwe kann ee sech ab dem 16. August 2016, 17.00 Auer, an der Kees vun der PiKo-Schwämm zu Rodange. All Informatiounen zu der Offer vun de Course ginn et op www.piko.lu

facebook.com

Ofschloss Vakanzaktioun 2016

Vill Spaass bei herrlechem Wieder haten d'Kanner, d'Elteren, d'Betreier an d'Gäscht beim Ofschlossfest vun der Vakanzaktioun 2016 bei der Sportshal zu Rodange.

Ofschloss Vakanzaktioun 2016
facebook.com

Commune de Pétange

D'Gemeng Péiteng sicht fir seng Maisons Relaisen e puer diploméiert Educatricen an Educateuren. Et si Poste vun 30 Stonnen d'Woch op onbegrenzten Zäit. Weider Informatiounen an de Formulaire fir d'Demande ze maachen, ginn et op www.petange.lu

facebook.com

Braderie zu Péiteng

Hei ass eng méi lass!

Braderie zu Péiteng
facebook.com

Commune de Pétange - Subsides scolaires

Ab dem 15. Juli 2016 hunn d'Schüler(innen) an d'Studenten/innen aus der Péitenger Gemeng erëm d'Méiglechkeet fir Subsiden unzefroen. D'Détailer an déi respektiv Formuairë ginn et um Internetsite vun der Gemeng Péiteng (http://www.petange.lu)

facebook.com

Den Tëtelbierg - Eng Rees an d'Vergaangenheet

Grousse Succès hat d'Féierung iwwer den Tëtelbierg, déi vun der Péitenger Gemeng organiséiert gouf a fir déi sech ronn 45 Leit afonnt haten. Nieft Erklärungen iwwer d'Kelten an d'Réimer, déi um Plateau vum Tëtelbierg gelieft hunn, konnt een och verschidden Ausgruewungsstécker méi genee betruechten. Deen nächsten interessante Rendez-vous ass den 23.08.2016. Do kann een de "Jardin des Yak's" zu Péiteng besiche goen. Weider Informatioune ginn um Internetsite vun der Gemeng Péiteng (http://goo.gl/LcIfXc)

Den Tëtelbierg - Eng Rees an d'Vergaangenheet
facebook.com

L'oppidum Tëtelbierg, une promenade dans le temps

L'oppidum Tëtelbierg, une promenade dans le temps
facebook.com

Quiz

NEAR Administration communale de Pétange