Top Local Places

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren

5, avenue Marie-Thérèse, Luxembourg, Luxembourg
Non-profit organization

Description

ad

D’Associatioun « Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.» huet zum Zil, déi 7 regional an onofhängeg Gruppen (LLJ Cliärref, LLJ Dikrich, LLJ Furen, LLJ Maacher, LLJ Süden, LLJ Uewersauer, LLJ Zenter) ze regruppéieren an ze begleeden, déi hirersäits festgehalen hunn, fir déi Jonk aus dem ländleche Raum ze encadréieren an hir perséinlech Kapassitéiten op professionellem, sozialem a kulturellem Plang ze fërderen, resp. hiren Engagement an der Entwécklungszesummenaarbecht an Afrika ze ënnerstëtzen.  

L’objet de l’association « Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.» est de regrouper les 7 groupes régionaux - notamment LLJ Cliärref, LLJ Dikrich, LLJ Furen, LLJ Maacher, LLJ Süden, LLJ Uewersauer et LLJ Zenter - poursuivant le même objet, qui est d’encadrer des jeunes du milieu rural dans le but de développer leurs capacités personnelles sur le plan professionnel, social et culturel et de favoriser leur engagement dans le domaine de l’action humanitaire et de la coopération au développement.

RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

Ben

facebook.com

Photos from Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren's post

Plouconcours vun der Landjugend Süden zu Giewel haut den mëtten

Photos from Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren's post
facebook.com

Timeline Photos

Nom Treffen d'läscht Woch am Staatsministère haat d'Landjugend den Owend een méi informelt Treffen mam Staatsminister a mam Chefferoot aus der Staat Letzebuerg.

Timeline Photos
facebook.com

Xavier Bettel

Xavier Bettel
facebook.com

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren
facebook.com

Timeline Photos

De Landjugendkalenner 2017 mat sprëtzege Fotoe vun der Fotografin Catia Biel, déi Iech d'Landwirtschaft op eng flott Aart a Weis méi no brengen, ass an der Preparatioun a kann iwwer dee folgende Link bestallt ginn: http://jongbaueren.lu/llj/landjugendkalenner/ E läit viraussiichtlech ufanks November an der Zentral vun eisen Associatiounen am Centre Convict (5, avenue Marie-Thérèse, L-2132 Luxembourg) vir a gëtt vun deem Zäitpunkt un – an no der Bestellung/Iwwerweisung – an deene beschten Delaien un d’Interessente verschéckt. Präis: 15 €.

Timeline Photos
facebook.com

Timeline Photos

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l. E schéine Gest vum Här Jacques Melkert fir d’Kooperatiounsaarbecht vun der ONG Mat 15 Joer huet hien ugefaangen; elo, no 43 Joer Schaffen op sengem Bauerebetrib, huet den Här Jacques (Cooki) Melkert vun Essen seng Pensioun gefeiert. Zesumme mat senger Fra Simone huet hien seng Famill, Frënn a Kollegen op e Fest invitéiert a bei där Geleeënheet och e Scheck am Wäert vun 1.500 € fir d'Kooperatiounsaarbecht vun der ONG „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.“ un déi zwee Vertrieder vum Verwaltungsrot vun der ONG iwwerreecht (riets vum Här Melkert, d’Madame Wolter-Hilgert; lénks vun him, d’Madame Martine Majerus-Clemes). Mir soen dem Här Melkert e grousse Merci, fir dëse generéise Gest a wënschen him all Guddes a vill Freed an dëser neier Etapp vu sengem Liewen.

Timeline Photos
facebook.com

Timeline Photos

Am “Tageblatt” vum 4. August 2016 ass d’Journalistin Lynn Wolff am Kader vum Thema “NGO” ënner dem Titel “Der Esel, der wichtigste Helfer” op déi laangjäreg Kooperatiounsaarbecht vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren agaang. Während de Summerméint (2016) stellt d’Zeitung deemno eng Rei Associatioune vir, déi “net regelméisseg am Fokus stinn, deenen hir Aarbecht am Beräich vun der Entwécklungszesummenaarbecht awer net manner wäertvoll ass”.

Timeline Photos
facebook.com

Landjugend-Power-Aktioun 2016

Landjugend-Power-Aktioun 2016
facebook.com

Photos from Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren's post

Landjugend-Power-Aktioun Vum 10. bis den 11. September 2016 ass d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren op en Neits ueschter d’Land op benevoler Basis fir Iech am Asaz. Och während der – ëmmerhin – schonn 10. Editioun (2000, 2002, 2004, 2005, 2006, 2008, 2010, 2012, 2014) vun der Landjugend-Power-Aktioun leeschten déi siwe regional Landjugendgruppen a folgenden Uertschaften hire Bäitrag zum Wuel vun der Allgemengheet: D’LLJ Cliärref zu Maarnech; d’LLJ Dikrech zu Ierpeldeng (Sauer), d’LLJ Furen zu Baastenduerf; d’LLJ Maacher zu Mënjecker; d’LLJ Süden zu Téiteng, d’LLJ Uewersauer zu Ierpeldeng (Wooltz), d’LLJ Zenter zu Miersch. Während der Aktioun, déi sech op 36 Stonne limitéiert, hunn d’Memberen aus de Gruppe vun der LLJ d’Aufgab, eng gemeinschaftlech Aarbecht duerchzeféieren, déi der lokaler Bevëlkerung am ländleche Raum zegutt kënnt. D’Aufgab, déi de Grupp fir déi respektiv Gemeng realiséiert, gëtt am Virfeld vun de Gemengeverantwortleche geplangt a preparéiert. Si bleift allerdéngs bis dee leschte Moment geheim. Dat néidegt Material an Handwierksgeschir gëtt de Gruppe vun den technesche Servicer aus der Gemeng zur Verfügung gestallt. An deene vergaangene Joren sinn ënner anerem folgend Aufgabe vun der LLJ gemeeschtert ginn: Uleeë vun engem Beach-Volleyball-Terrain, engem Arboretum, engem Léierpad, engem Léiergaart, vu Petanque-Pisten, Wanderweeër, Spill-, Grill- a Raschtplazen, Picknickhaisercher, Chaleten, den Amenagement vum Ëmfëld vun engem Monument, Restauratiounsaarbechten u Schoulen a Wäschbueren,… D'Aktioun 2016 huet déi generéis Ënnerstëtzung vun den Assurances LALUX: https://www.facebook.com/LaLuxembourgeoise/?fref=ts Hei derbäi, e puer Impressiounen vun der LJ-Power-Aktioun 2014

Photos from Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren's post
facebook.com

Timeline Photos

Arbeitsgruppe „Fleeschranner Jongziichter“ der LLJ Seit März dieses Jahres (2016) haben sich die Fleischrinderjungzüchter in einer Arbeitsgruppe innerhalb der „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.“ (LLJ)zusammengeschlossen. Ziel dieser Arbeitsgruppe ist es, die gemeinsamen Interessen der Jungzüchter von Fleischrindern (rassenübergreifend) zu vertreten und gemeinsame Aktivitäten zu unternehmen. Anfang April 2016 organisierte der neu gegründete Vorstand beispielsweise eine Tagesfahrt nach Frankreich, bei der man mehrere Zuchtbetriebe besichtigte und den Tag bei einem gemütlichen Essen ausklingen ließ. Auch wurden einige kleinere Aktivitäten im Rahmen der diesjährigen Foire Agricole von Ettelbrück durchgeführt. Die Arbeitsgruppe der Jungzüchter steht allen Jugendlichen offen, die an der Mutterkuhhaltung und Fleischproduktion interessiert sind. Vorstand Präsidentin: Jeanne Lux, Erpeldange Vizepräsident: Ben Majerus, Wickrange Kassierer: Pol Wagner, Niederfeulen Sekretär: Jérôme Reuter, Wincrange Mitglieder Yannic Braun, Bettange/Mess Gilles Holzmacher, Angelsberg Lisa Jacqué, Bettange/Mess Jim Kirsch, Ermsdorf Sylvie Lux, Erpeldange Karin Lux, Erpeldange Pit Nothumb, Platen Joé Pinsch, Asselborn Philippe Schandel, Reckange/Mess Jill Thorn, Fingig Pit Urhausen, Gralingen Mitgeteilt von Jérôme Reuter Sekretär der Arbeitsgruppe

Timeline Photos
facebook.com

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren

De Jeff Boonen, President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, äussert sech am RTL-Reportage (20. Juli 2016) zu de rezenten Decisiounen vun der EU, wat d'Bäihëllefen fir d'Mëllechproduzenten betreffen: http://www.rtl.lu/letzebuerg/934892.html

facebook.com

Quiz

NEAR Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren