Top Local Places

Muselzeidung

30, rue de Trèves, Grevenmacher, Luxembourg
Magazine

Description

ad

Wëllkomm op der offizieller Facebook Fanpage vun der Muselzeidung! D’Muselzeidung ass eng lëtzebuergesch lokal Zeitung, di am Dezember 1981 fir d’éischt erauskoum.  Verdeelt gëtt si emol am Mount gratis un all Haushalt an de Kantonen Gréiwemaacher a Réimech, an de Gemengen Nidderanven, Contern, Sandweiler, Fréiseng, Weiler-la-Tour a Mompech, souwéi am Däitschen Grenzgebitt. Verdeelt gëtt d’Muselzeidung vun der lëtzebuergescher Post. Si huet eng Oplo vun 46.000 Exemplairen. Den Editeur vun der Muselzeidung ass d’Firma Presss s.à r.l. di hire Setz zu Gréiwemaacher huet.

All Mount informéiert d’Muselzeidung seng Lieser iwwer all Neiegkeeten aus der Ëmgéigend. Sief dat iwwer offiziell Evenementer, lokal Fester, wat wou wéini lass ass, Réckblécker oder och einfach nëmmen wann e Veräin oder eng Persoun eppes ze féieren huet, an dat alles dokumentéiert a Biller.

Fir kléng a mëttelstänneg Betriber bitt d’Muselzeidung eng Méiglechkeet zu engem fairen Präis Reklammen ze maachen. D’Betriber aus der Ëmgéigend kënnen an der Muselzeidung gezielt hir bestehend an nei Client’en uschwätzen.

D’Muselzeidung ass haut e feste Bestanddeel vun der Zeitungslandschaft hei zu Lëtzebuerg. Et war deemools den Usch Burton deen virun ronn 30 Joer di éischt Muselzeidung verëffentlecht huet. Am Juni 1985 ass d’Muselzeidung op engem Macintosh gemaach ginn. Domat war d’Muselzeidung di éischt Zeitung weltwäit di op engem Computer hiergestalt ginn ass.


Haut ass d’Setty Burton Gérante vum Betrib. Säit 2010 ass och hir Meedchen d’Tess Burton am Betrib an wärt an e puer Joer d’Muselzeidung an der 2. Generatioun weiderféieren.

CONTACT

RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

Haut huet d'Wäikinnigin hire Kaddo vun der Muselzeidung iwwerreecht kritt. Mir wënschen dem Jana alles Guddes fir säi Joer als Lëtzebuerger Wäikinnigin!

facebook.com

Riesling Open: Gout Stëmmung an der Rieslingsgemeng

facebook.com

Riesling Open: Op der Musel ass Kréinungs-Saison.. 🍇👑

facebook.com

facebook.com

Die beliebte Neuauflage des deutsch-luxemburgischen „Feuersalamander“ ist eine ungebändigte Hommage an das Leben, die auch 80 Jahre nach dem Tod des Autors höchste Lesefreude bereitet. Jetzt wieder erhältlich: Bestellen Sie Ihr Exemplar unter burton@pt.lu oder 75 87 47.

facebook.com

Kiermesbraderie zu Waasserbëlleg 🎈📣

facebook.com

68. Gréiwemaacher Drauwen- a Wäifest: Folkloristeschen Emzuch "Kondschafter um Tour" 🍷👑

facebook.com

Drauwen- a Wäifest zu Gréiwemaacher: D'Miseler sinn nët aus Zocker a feiere bis et eriiwer ass. Prost! ☁️🍷💃

facebook.com

Déi éischt Andréck vum 68. Gréiwemaacher Drauwen-a Wäifest an der frësch gekréinter Wäikinnigin Jana! 🍇👑🍷

facebook.com

Zu Munneref war mol nees eng méi lass

facebook.com

Zum 40. mal bereits wurde in Nennig das Moselweinfest gefeiert. Wie jedes Jahr wurde auch hier die Weinkönigin gekrönt. Wir wünschen Königin Ruth I viel Freude in Ihrem Amt. 👑🍇

facebook.com

Déi nei Muselzeidung ass do! Dës Kéier traditionell mat de Sonderthemen "Drauwen- a Wäifest zu Gréiwemaacher", "Riesling-Open" awer och de Start an déi nei Saison a praktësch Tipps fir Fënsteren an Dieren. Vill Freed beim Liesen. God bless the Queen! 🍷🍇

facebook.com

Quiz