Top Local Places

Kulturhuef [Musée Création Cinéma] Grevenmacher

54, route de Trèves, Grevenmacher, Luxembourg
History Museum

Description

ad

[Musée Création Cinéma] DE_____________________
Früher ein Schlachthof, ist der Kulturhuef heute ein Ort von Kulturerbe und Kreativität, guter Unterhaltung und kulinarischen Erlebnissen.

FR_____________________
Autrefois un abattoir, le Kulturhuef est aujourd'hui un lieu d'accueil pour le patrimoine et la créativité, le divertissement et la découverte culinaire.

EN_____________________
Kulturhuef, originally a former slaughterhouse, is now a place of cultural heritage and creativity, quality entertainment and culinary discoveries.

RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

Kultur, Kaffi a Kuch! Dëse Sonndeg 3e September am Kulturhuef! Dir wësst net wat e Sonnden de Mëtte maachen? Kommt an de Spillkaarte Musée am Kulturhuef. Kommt an eis interaktiv a kannerfrëndlech Ausstellung a léiert eppes iwwert verschidden Typpe vu Spillkaarte, mee och iwwert d'Famill Dieudonné dei iwwert 5 Generatiounen hei zu Gréiwemaacher Spillkaarte produzéiert huet. Hei kënnt der Geschicht souzesoe spilleresch erliewen. Gidd dëse Sonnde vu 15.00 - 16.00 Auer vun engem Guide duerch de Musée gefouert. Den Entrée ass fir näischt. De Kulturcafé bei eis am Kulturhuef ass och fir Iech op an dir kënnt duerno bei enger gudder Taass Kaffi an engem hausgemaachte Stéck Kuch den Nomëtte gemittlech ausklénge loossen. Kultur, Kaffi, a Kuch - e perfekte Sonnden! ♠️♥️♦️♣️ Info op: http://www.kulturhuef.lu/de/programm/gratisfuehrung-durch-die-ausstellung-dieudonne-visite-guidee-gratuite-de-l-039-exposition-dieudonne/6/eid,4635/gratisfuehrung-durch-die-ausstellung-dieudonne-visite-guidee-gratuite-de-l-039-exposition-dieudonne.html

facebook.com

Samschden 02.09.2017: Latin Night am Kulturcafé! Et gëtt waarm muer den Owend am Kulturcafé. Kommt op en Danzowend voller Latäinamerikanescher Rhythmen, presentéiert vum allsäits beléiften DJ Rick. Em 20:00 Auer geet et lass an et gëtt gedanzt bis 1 Auer! Net verpassen, well op dësem groe Weekend bréngt Iech de Kulturcafé de Summer zréck! Den Entrée ass ewéi gewinnt gratis.🎉🎼♥️ Org. Kulturcafé Infoen op: http://www.kulturhuef.lu/de/programm/latin-night-with-dj-rick/6/eid,4706/latin-night-with-dj-rick.html

facebook.com

Den Owend ab 20:00 Auer: "The Dark Tower" am Cinémaacher Fänkt äre Weekend spannend un! Den Owend leeft de Science Fiction Thriller "The Dark Tower" (2D, DE, Fsk ab 12) dee sech op engem Buch vum Stephen King baséiert. Wei beim King üblech, gëtt et mysteriéis, spannend an liicht grujeleg bei dëser Geschicht an där e jonke Mënsch sech mat engem legendäre Revolverheld zesummendeet fir an engem Kampf tëscht Gutt a Béis d'Welt ze retten. Ob hinnen dat geléngt, musst der wuel selwer erausfannen, mee si retten Iech op alle Fall de Freiden den Owend. 🎬🍿🎞️ Trailer: https://www.youtube.com/watch?v=K_LHA5GnFX4

facebook.com

Kulturhuef meets Ticket Regional! Ab haut: MuséesShop vum Kulturhuef als Virverkafsplaz vun Ticket Regional Ab haut kënnt dir bequem an einfach är Ticket'en fir all Ticket Regional Evenementer bei eiser sympathescher Equipe am MuséesShop kafen. Kommt laanscht, kaaft entspaant är Ticket'en, a mir drécken Iech se sur Place aus. De volle Service elo am Kulturhuef.

facebook.com

Kulturhuef meets Ticket Regional! Ab 01.09.2017: MuséesShop vum Kulturhuef als Virverkafsplaz vun Ticket Regional Ab dem éischte September kënnt dir bequem an einfach är Ticket'en fir all Ticket Regional Evenementer am MuséesShop bei eis am Kulturhuef kafen. Kommt laanscht, kaaft entspaant är Ticket'en, a mir drécken Iech se sur Place aus. De volle Service ab muer am Kulturhuef.

facebook.com

Nach just bis muer Zäit: Kandidatur Niewen- Aushëllefsjob Musée! Mir sichen eng Aushëllef fir eis sympathesch Equipe am Musée all zweete Weekend vu 14:00-18:00 Auer ze ënnerstëtzen an un der Receptioun eis Visiteuren ze empfänken. Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch? Dir sidd iwwert 18 Joer al, frëndlech an hutt Spaass dorunner mat Léit ze kommunizéieren? Da schéckt eis äre Liewenslaf a Motivatiounsbréif bis zum 1en September un: Kulturhuef 54, rte de Trèves L-6793 Grevenmacher oder op: mail@kultuerhuef.lu

facebook.com

"Dunkirk" – Den Owend ab 20:00 Auer am Cinémaacher Komm mir loosse Fouer einfach mol Fouer sinn. Et sinn ze vill Léit do! Besser dach am Cinémaacher den héichgelueften "Dunkirk" (2D, De, Fsk ab 12) vum Christopher Nolan ze kucken. Originell a mat vill Fangerspëtzegefill wennt sech de Nolan dem däischtere Kapitel vum 2e Weltkrich zou. De Film ass sensibel gedréint an awer voller Spannung. Net ze verpassen! Trailer: https://www.youtube.com/watch?v=J3tE9ubDyn0

facebook.com

Carpaccio vu Mir a Land: haut um Menü vum Kulturcafé! Probéiert och dir di originell Kreatioune vum Chef an dëser Woch déi ënnert dem Motto "Food Porn", also néi an ongewinnte Kreatiounen, stinn.

facebook.com

"Spiderman: Homecoming" ab 20:00 Auer am Cinémaacher! Teenager sinn ass schwéier. Mee stellt Iech emol vir, dir géingt och nach vun enger Spann gebass ginn, an doduerch Superkräften entwéckelen... Dat ass eisem Held haut den Owend am Cinémaacher geschitt an nieft dem dach schwéieren Alldag an der Schoul muss hie niewelaanscht d'Welt retten. Dat ganzt mat vill Spektakel an Humor. Kuckt Iech den Owend "Spiderman: Homecoming" (2D, DE, FSK ab 12) am Cinémaacher un. Em 20:00 Auer geet et lass! Trailer: https://www.youtube.com/watch?v=TEwdc0e2u68

facebook.com

Fräi Platzen: Workshop "Square Relief" Dir hutt Loscht mol eng Kéier eppes anescht ze probéieren an dobäi kreativ ze sinn? Dann hutt der Chance, well et bléiwen nach e puer Platzen am Workshop "Square Relief" mam Kënschtler Alexander Harry Morrison. Hei léiert der wei ee mat Linoschnëtter Biller kreéiert, déi duerno op eiser traditioneller Press gedréckt ginn. Léiert, zesumme mat engem sympathesche Profi, e Bewosstsinn fir Layout, Kompositioun an Drocktechniken ze entwéckelen. Keng Angscht, dir musst keng Kenntnisser matbréngen, nëmme Loscht fir d'kreatiivt Schaffen an engem entspaante Grupp! Mee maacht Iech bäi, Platzen si séier fort! Weider Infoe fannt dir op: http://www.kulturhuef.lu/de/programm/square-relief/6/eid,4658/square-relief.html

facebook.com

Mir verschreiwen Iech ganz dringend 2 Stonne Kino géint de Méindes-Blues. Séier gi Symptomer vu schlechter Laun a Granz mat engem entspaante Laachen an engem genësserlechen Antauchen an eng aner Welt ersat. Kommt den Owend an de Cinémaacher a kuckt Iech an aller Rou de ganz aktuellen "Atomic Blonde" (2D, DE) un. Dëse Spionagefilm entféiert Iech an d'Berlin vun 1989: Intrigen, geheim Missiounen, a ganz vill Spannung si virprogramméiert. Net verpassen! Em 19:00 Auer geet et lass an den Entrée ass just 6€. Mee opgepasst, de Film ass ab 16 Joer. Trailer: https://www.youtube.com/watch?v=7hwYS4FoJfk

facebook.com

Mmmmh, lecker! Den néie Wochemenü vun eisem Kulturcafé ass eraus. Dës Woch steet ënnert dem interessante Konzept vum "Food Porn". Wien sech awer elo esou seng Gedanken ëm dëst Konzept mëscht, deem sief gesot, dass et ganz kannerfrëndlech ass. Hei handelt et sech em klassesch Plat'en déi op eng originell Aart a Weis opgeschafft goufen. Iwwerzeegt Iech selwer dës Woch am Kulturcafé. Weider Info op: http://www.kulturhuef.lu/de/kulturcafe/menu/77/menu.html

facebook.com

Quiz

NEAR Kulturhuef [Musée Création Cinéma] Grevenmacher