Fleegestation fir wëll Déieren
Description
D'Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeléng këmmert sech ëm all verletzen a jonkt wëllt Déier.
Wann der en Déier fannt, rufft weg direkt um 26513990 un.
Tell your friends
RECENT FACEBOOK POSTS
facebook.comTimeline Photos
All Joers kënnt et fir, datt nach am spéide Summer kleng Kéisécker an d'Statioun ageliwwert ginn. Och dëst Joer ass deem keng Ausnahm. Des dräi Meedercher sinn elo antëschent véier Wochen al. Se hunn nach keng Zänn, mä scho gutt ausgebilte Picken. Si kommen iwwregens direkt mat Picken op d'Welt, déi awer an deenen éischten Deeg éischter mëll sinn. Dës Kéisécker bleiwen eventuell bis an d'Fréijoer eran an der Statioun. Do muss elo gekuckt ginn, wéi séier se zouhuelen. De Moment hunn se eng 80g, missten awer am Idealfall 600-700g hunn, fir de Wanter gutt ze iwwerstoen.
Photos from Fleegestation fir wëll Déieren's post
Dës zwee Gaardeschléifer konnten des Woch ausgewëldert ginn. Se sinn als Jonker an d'Statioun komm an elo gutt vollgefriess erëm erausgelooss ginn. Si friesse sech virum Wanter en immense Wanterspeck un, fir sou praktesch de ganze Wanter duerch ze schlofen. Just heiansdo erwächen se, fir e bëssi eppes ze friessen. Wann der Nistkästen am Gaart hutt, dann am beschten elo (bis nach Oktober mat) oder eréischt am Februar (spéitstens Mëtt Mäerz) proppermaachen. Bilchenarte maachen sech am Nistkasten mol gären e Nascht iwwert de Wanter. Wann der also ganz vill Stréi, Moos an Hee dra fannt, da kann et mol ganz gutt sinn, datt der esou een an ärem Nistkasten sëtzen hutt.
Timeline Photos
Dëse jonke Fuuss gouf nieft der Strooss fonnt. Et ass net gewosst op en ugestouss gi war oder net. En war ganz vu sech an hat och eng Wonn um Been, déi awer éischter ausgesinn huet wéi wann hien am pickegen Drot hänke bliwwen war. D'Wonn ass gutt verheelt an och soss huet en keng Symptomer méi vu Schock gewisen. Hie gouf elo no 3 Wochen Fleeg haut erëm an d'Fräiheet gelooss. D'Fiiss sinn de Moment vill ënnerwee. Déi Jonk si säit gutt zwee Méint op sech eleng gestallt, a wou se am Ufank nach am Revéier vun den Elteren toleréiert waren, musse se sech elo virum Hierscht eng nei Plaz sichen. D'Nahrung fänkt sou lues u méi knapp ze ginn woumadder dann och d'Mammeléift lues a lues méi kleng gëtt. Dat eegent Iwwerliewen steet elo erëm am Vierdergrond. Vu dat déi Kleng awer och elo vill méi ënnerwee sinn, lafen se och méi oft iwwert d' Stroossen wou et dann gäre mol schif fir si ausgoe kann. Lo am Hierscht sollt een awer net nëmmen wéinst de Fiiss, mä wéinst all de wëllen Déieren besonnesch owes op de Stroossen gutt oppassen.
Timeline Photos
A leschter Zäit komme vill Uriff vu Leit, déi Problemer mat Fliedermäis hunn. Bei dem gudde waarme Wieder profitéieren déi nach e bëssen Wanterspeck unzefriessen. Well et awer och sou schéi waarm ass, loossen och vill Leit hir Fënsteren opstoen. Jot dann eng Fliedermaus virun der Fënster no Insekten kann se sech gären mol an d'Haus era verfléien. Fir dëst ze evitéieren loosst am beschten är Fënster op Kipp oder maacht eng Rideau virdrun. Wann sech eng Fliedermaus bis an d'Haus era verflunn huet dann einfach owes d'Fënsteren all grouss op loossen an d'Luuchten aus. Si fannen dann de Wee erëm eraus. Wann der wësst dat der Fliedermäis um Späicher oder sou hutt, ni einfach d'Afluchlach zou maachen. Éischtens ass et géint d'Gesetz an zweetens sichen si sech dann en aneren Wee eraus owes. Sou kennen se dann och gären am Haus selwer landen woumadder der de Problem just verlagert hutt. Bei Problemer kënn der iech gären beim Haus vun der Natur op der Kockelscheier oder bei den sëllegen Biologesche Statiounen (SIAS, SICONA, Naturpark Mëllerdall, Naturpark Our an Naturpark Uewersauer) mellen.
Photos from Fleegestation fir wëll Déieren's post
Hei eng méi besonnesch Art fir d'Fleegestatioun: eng Ringelnatter. Och si ass e wëllt Déier aus Lëtzebuerg. Si hat Gedärms eraus hänken, wou se erakomm ass. D'Wonn gouf zougebutt a mat Medikamenter behandelt. D'Ringelnatter ass just eng vun zwou Schlaangen, déi hei zu Lëtzebuerg kënne virkommen. Si ass net gëfteg a beist och nëmmen seelen. Se ass déi gréisste Schlaangenart zu Lëtzebuerg a ka bis zu 1 m grouss ginn. Gutt erkennbar ass se duerch hire gielen mat schwaarzem Hallefmound hannert dem Kapp. De Kierper ass hellgro bis hellbrong gefierft mat schwaarze Flecken. Am léifsten kënnt d'Ringelnatter no beim Waasser fir a kann sou och mol an engem Weier am Gaart virkommen, wou se no Fräschen a Fësch jot.
Photos from Fleegestation fir wëll Déieren's post
Wou d'Saison elo scho bal zu Enn geet, ginn awer nach ëmmer jonk Mamendéieren an der Fleegestatioun gefleegt. Dëst sinn 3 jonk Siweschléifer an 2 jonk Gaardeschléifer. Déi 3 Siweschléifer hu nach hir Aen zou a musse nach moies fréi bis owes spéit gefiddert ginn. D'Schléiferen, och nach Bilche genannt, gehéieren zu den Naagedéieren. Garden- a Siweschléifer si ganz einfach doduerch ze ënnerscheeden, dat de Gaardeschléifer méi kleng awer och déi typesch Mask um Gesiicht huet. Den Siweschléifer dogéint ass just gro mat wäissem Bauch. Och demSchwanz ass beim Siweschléifer vill méi buscheg. Dës Kleng mussen elo nach fir gutt 4 Wochen gefiddert ginn éier se sech genuch Speck kennen ufriessen, dass se de Wanterschlof gutt iwwerliewen.
Photos from Fleegestation fir wëll Déieren's post
Dësen Uhu hat sech an engem Goal op engem Fussballsterrain verhaangen. Dëst war schon eng Kéier d'lescht Joer virkomm. Hien huet op oppener Fläch gejot ouni d'Hindernis ze erkennen, well et sech ëm e Filet handelt. Den Uhu war an den 70er Joer komplett ausgestuerwen. Eréischt an den 80er Joeren konnt erëm déi éischt Bruut nogewisen ginn. Duerch strengen Schutz a komplett Geheimhaltung vun hire Näschter konnt sech seng Populatioun awer erëm gutt erhuelen. Mëttlerweil zielen mer eng 30 Koppelen hei zu Lëtzebuerg, wat e méi heefeg mecht wéi zum Beispill de Wanderfallék. No puer Deeg Kontroll konnt dëse Männchen och erëm eraus.
Timeline Photos
De Moment ass déi sougenannten Blattzäit an de Bëscher, wat bedeit, dass d'Réibéck territorial sinn an hir Geessen begatten. Et ass wéi sou oft an der Natur: den Stäerksten kritt d'Fraleit an déi schwaach mussen wäichen. Während de Kämpf kann den een oder anere Bock der e puer kräfteg laanscht d'Baake kréien. Verletzt an ausgepowert mussen se dann aus deene gudden Revéier eraus a ginn dann gäre vu Schwächt an. Dësen ass elo schon den zweete Bock den dowéinst an d'Statioun geliwwert gouf. Hie war immens schwaach an ofgemoert. Hien ass trotz Medikamenter leider an der Nuecht vu Schwächt gestuerwen.
Photos from Fleegestation fir wëll Déieren's post
Hei e puer Déieren, déi an deene leschten Deeg ausgewëldert goufen. Eng Kéier e Gaardebaamleefer, ee vun eise klengste Vullen hei am Land, e jonke Bontspiecht, Kréien, e weibleche Sperber a 5 Huesen. Des Weideren konnten och nach eng Kanéngchen, zwou Huereilen, zwee Bëschkäiz an eng Tuereil ausgewëldert ginn.
Photos from Fleegestation fir wëll Déieren's post
Entwécklung vum Schwaarze Schéierschwanz, deen als Jonken Ufank Juni an d'Statioun als ageliwwert gouf. Hien gouf iwwert eis speziell Gräifvulle-Box ausgewëldert. Säit e puer Deeg flitt en elo schonn. Enn August Ufank September geet et da fir hien an Afrika, fir do de Wanter ze verbréngen. Vue datt sech hei an der Géigend ëmmer vill Schéierschwänz sammelen, fir zesummen ze migréieren, wäert hie sech esou enger Grupp uschléissen, fir dës Rees net alleng ënnerhuelen ze mussen.
Timeline Photos
D'Kaweechelchen probéiert sech un senger éischter Noss. Et war esou konzentréiert, et wollt mol näischt méi vun der Mëllech wëssen. Dëst ass e wichtegen Schrëtt an hirer Entwécklung. E Kaweechelchen ass eréischt 100% selbstänneg, wann et duerno d'Nossschuel vum selwe kann opmaachen. Sou jonk kréien se d'Noss awer nach ouni Schuel, et muss ee jo ëmmer kleng ufänken.
Photos from Fleegestation fir wëll Déieren's post
Säit dëser Woch sinn déi lescht jonk Fiiss vun dësem Joer erëm erfollegräich ausgewëldert ginn. Am ganzen konnten dëst Joer 17 jonk Fiiss erëm ausgewëldert ginn. 5 dovunner sinn mat der Fläsch opgezu ginn. Mir soen all deenen, déi e Fuuss parrainéiert haten, nach eng Kéier villmools Merci fir är Ënnerstëtzung. D'Suen sinn natierlech net nëmmen de Fiiss zegutt komm, mä och deenen aneren Déieren, ëm séi sech d'Statioun këmmert.