Top Local Places

FCM Young Boys Diekirch

Rue Joseph Merten, Diekirch, Luxembourg
Sports/recreation/activities

Description

ad

Offiziell Facebook-Page vum F.C.M. Young Boys Diekirch

RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

20.11.2016 2. Divisioun, 1. Bezierk, 11. Spilldag: AS Housen vs. Young Boys Dikrech 4-1 (3-1) No 4 Victoiren um Stéck hunn d’Jongen sech missen mat 4-1 zu Housen geschloe ginn. Dikrech krut iwwert di 90 Minutten sielen e Fouss op den schwéier bespillbaren Terrain an konnten esou hiert d’Spill net opzéien. Di éischt Minutten waren awer ausgeglach, an et waren d’Young Boys mat der beschter Chance, wéi en Fräistouss vum Cristiano d’Lat gesträift huet. Kuerz drop konnt den Haushär no engem Ugrëff iwwer riets den 1-0 schéissen. D’Äntwert vun de Jongen huet awer net laang op sech waarde gelooss an den Max huet den Heldrad am Strofraum fonnt an et stoung 1-1. Duerno hätten d’Jongen kéinten a Féierung goen, mee dem Cristiano säin Eelefter gouf vum gudde Golkipp erausgefëscht. Di kal Dusch gouf et dunn nach virun der Halbzeit, wéi Housen vir d’éischt e Konter zum 2-1 konnt eran setzen an kuerz drop per Noschoss no engem Handelefter den 3-1 konnt marquéieren. Zu allem Iwwerfloss fir d’Jongen huet den Nick bei der Eeleftersituatioun och nach di giel-rout Kaart gesinn. No der Paus koum Housen ëmmer erëm zu gudde Konterchancen, mee et war den Dani am Gol an d’Präzisioun am Ofschloss di Schlëmmeres verhënnere konnten. Dikrech huet trotz Ënnerzuel probéiert offensive weider ze spillen, kruten awer wei an der éischter Halbzeit kee richtegen Zougrëff op de Match. Kuerz viru Schluss huet Housen dunn nach duerch een vun de ville Konteren nogeluecht an d’Endresultat hiergestallt. De nächste Match ass e Sonnden um 16 Auer doheem géint Wëntger.

facebook.com

Photos from FCM Young Boys Diekirch's post

Young Boys 4 - Clervaux 0

Photos from FCM Young Boys Diekirch's post
facebook.com

06.11.2016 2. Divisioun, 1. Bezierk, 9. Spilldag: SC Ell vs. Young Boys Dikrech 1-2 (0-0) No enger intensiver Partie setzen sech d’Jongen um Enn glécklech mat 1-2 zu Ell duerch. An der Halbzeit hätt et awer gutt a gären 3-0 fir den Haushär kenne stoen. Dikrech koum net an d’Zweekämpf an huet di néideg Präzisioun an de Päss vermësse gelooss. Ell dogéint huet sech no a no Chancen erausgespillt a konnt no gutt 20 Minutten alleng op de Gol duer lafen. Den Dani war awer um Posten a konnt de Ball mam Fouss erausfëschen. Duerno as en Eller Spiller rechts am Strofraum fräi zum Schoss komm, huet de Ball awer just un d’Aussennetz gesat. Kuerz virun der Paus huet Ell dunn vir d’éischt e Schoss knapp laanscht den eidele Gol gesat an krut kuerz duerno en Gol wéinst Abseits oferkannt. Dat selwecht ass och de Young Boys geschitt, wéi dem Max säi Gol zréckgepaff gouf. No der Paus haten d’Jonge nach ëmmer Schwieregkeeten an Ell koum zu der verdéngter Féierung, wéi erëm e Spiller alleng op de Gol konnt lafen an den Dani deskéier iwwerwanne konnt. Dikrech ass duerno lues a lues besser ginn, nët ouni hirem Géigner awer nach bis zum Schluss Konterchancen ze zerwéieren. E Ball an d’Spëtzt huet den Heldrad fonnt, deen de Ball lénks laanscht de Golkipp konnt drécken an et stoung bemol 1-1. De Recht vum Match hunn d’Supporter en Hin an Hier verfollegt. De Cristiano huet aus 20 Meter e Schoss vum Stapel gelooss, deen sech hannert dem iwwerraschte Golkipp an d’Netz gesenkt huet. Ell ass géint d’Néierlag ugelaf a krut an der leschter Sekonn vum Match nach eng Chance op den Ausgläich, de Schoss aus der Distanz huet awer just de Potto getraff. Nächste Samschdeg spille mer owes um 6 Auer doheem géint Klierf.

facebook.com

Coupe FLF 1. Tour: US Foulscht vs. Young Boys Dikrech 1-5 (0-2) No enger gréisstendeels souveräner Leeschtung zéien d’Jongen an den 2. Tour vun der Coupe FLF an. Di Foulschter waren di éischt Minutten awer ganz engagéiert ënnerwee an hunn di Dikrecher Defense virun den een oder anere Problem gestallt. D’Jongen sinn awer lues a lues ëmmer besser ginn, an et war een vun villen Ugrëffer iwwer lénks, deen no enger schéiner Kombinatioun tëscht dem Joël an dem Cristiano bal den 0-1 bruecht huet, mee leider war d’Lat am Wee. No engem klore Foul um Joël kruten d’Young Boys en Eelefter, deen den Heldrad awer driwwer gesat huet. Kuerz drop konnt en weidere Ball iwwer lenks a d’Mëtt gespillt ginn, wou de Max goldrichteg stoung an den 0-1 an den langen Eck gesat huet. Virun der Halbzeit war et de Joël, deen säin Géigespiller zu engem Selbstgol gezwongen huet an et goung mat 0-2 an d’Paus. An der zweeter Halbzeit wollt de Joël dunn awer weisen, datt en d’Goler och selwer schéisse kann, an war deen präsentsten Spiller um Terrain. Zesumme mam Cristiano huet hien di Foulschter Defense dronken gemaach an huet no engem schnellen Ugrëff den 0-3 geschoss. Foulscht huet sech awer ne erginn a koum zum Uschlosstreffer. D’Jongen hunn dorop awer mat engem gudden Ugrëff nom aneren reagéiert, an et war de Cristiano dee no engem Feeler vum Golkipp an der séierer Reaktioun vum Heldrad den 1-4 konnt oofstëppsen. Den Schlusspunkt gouf alt erëm vum Joël gesat, deen alleng op den Golkipp duergelaf ass an him keng Chance gelooss huet. De nächste Match ass e Sonnden um 16 Auer zu Ell.

facebook.com

3 Punkten kommen heem! 💙💛🔥🔥🔥

3 Punkten kommen heem! 💙💛🔥🔥🔥
facebook.com

facebook.com

16.10.2016 2. Divisioun, 1. Bezierk, 7. Spilldag: FC Jeunesse Useldeng vs. Young Boys Dikrech 0-1 (0-1) No enger spannender Partie setzt sech Dikrech um Enn glécklech mat 1-0 zu Useldeng duerch. D’Jongen hunn di éischt 25 Minutten gréisstendeels dominéiert. No enger schéiner Kombinatioun tëscht dem Micki an dem Cristiano kann de Joël alleng op de Gol duerlafen an gewënnt den Duel mam Golkipp duerch e Schoss an de kuerzen Eck. Duerno huet Useldeng d’Heft lues a lues an d’Hand geholl, mee et war bis d’Halbzeit emmer en Dikrecher Fouss dotëscht. An der zweeter Halbzeit waren d’Haushären di besser Equipe mee haten virum Gol entweder Pech oder Onverméigen. Di beschte Chance gouf et fir si awer no engem Fräistouss deen just d’Lat geroden hat. D’Young Boys hu lues a lues ze vill giel Kaarten ugesammelt, sou dass bannen puer Minutten den Cristiano an den Duponts Mich mat giel-rout vum Terrain geflunn sinn. D’Jongen hunn di lescht knapp véierel Stonn zu 9 alles ginn an koumen souguer nach zu e puer Chancen, mee weder den Heldrad, nach de Joël an de Max konnten den Deckel drop maachen. Useldeng koum an der Nospillzäit géint kämpfend Dikrecher och net méi zu enger klorer Chance an d’Jongen hunn di 3 Punkten esou mat heem geholl. Nächste Sonnden spille mer um 16 Auer doheem géint Feelen.

facebook.com

09.10.2016 2. Divisioun, 1. Bezierk, 6. Spilldag: Young Boys Dikrech vs. SC Stengefort 1-3 (0-2) E Sonndeg verléieren d’Jongen hiren zweete Match hannerteneen mat 1-3 géint den Opstiegsfavorit Stengefort. Dikrech hat vun Ufank un hir Schwieregkeeten mam Géigner a mat hiren eegene Päss. Stengefort ass direkt vun Ufank un zu gudde Chance komm. Bei engem Schoss aus bal 20 Meter stoung de Bruno e bësse weit virum Gol an et stoung 0-1. D’Young Boys koume seelen zum Ofschloss a wann, dann och net präzis genuch. Nodeems de Bruno e puer mol gutt reagéiere konnt, koum eng Flank tescht eis zwee Inneverteideger déi de Stiermer exzellent konnt unhuelen an den 0-2 an de laangen Eck marquéieren. No der Paus ass Dikrech mi staark ginn, mee d’Chancenverwäertung war nach ëmmer net gutt genuch. De Joël konnt eleng op de Gol lafen mee de Wénkel war ze spatz. Kuerz drop konnt hien awer den Uschloss erzielen nodeems en vun engem graffe Fehler an der Stengeforter Defense profitéiert huet. An de leschte Minutten waren d’Gäscht awer erëm mi staark an hunn no engem Ugrëff iwwer lénks den Wee laanscht de Bruno eng drëtte Kéier fonnt. Nächste Sonndeg spille mer um 16 Auer zu Useldeng.

facebook.com

25.09.2016 2. Divisioun, 1. Bezierk, 4. Spilldag: Young Boys Dikrech vs. US Béiwen 2-2 (0-2) No engem gudde Comeback retten d’Jongen nach e Punkt géint Béiwen, an et wier souguer nach méi dragewiecht. Dikrech war vum Ustouss un di besser Equipe an huet e Grapp voll gutt Chance leie gelooss. Di zwou bescht hunn den Potto nëmmen em Zentimeter verfeelt. Mee wéi et am Futtball oft esou ass, ginn Noléissegkeeten virum Gol bestrooft. Di éischt gutt Chance fir Béiwen war direkt dobannen, dat wéi de Bruno en Fräistouss huet missen ofpralle loossen an näischt méi géint de Noschoss konnt maachen. Dikrech huet direkt op den 1-1 gedréckt an krut kuerz virun der Paus den 0-2 ageschenkt. No der Paus hunn d’Jongen awer net di selwecht Feeler gemaach wéi an der Fiels, an et war den de Luis, deen e Ball am Strofraum fest an de laangen Eck konnt setzen. Den 2-2 geet och op d’Rechnung vum Luis, dat no enger gudder Kombinatioun iwwer lénks, di hien selwer mat lancéiert huet. Den Micki hat kuerz viru Schluss souguer nach den 3-2 um Fouss, mee am leschte Moment konnt nach en Béiwener klären. Den Dag an d’Platz vum nächste Match goufen geréckelt, an mir spillen en Donneschden doheem um 20 Auer géint Kolmer.

facebook.com

22.09.2016 2. Divisioun, 1. Bezierk, 3. Spilldag: AS Rupensia Lusitanos Fiels vs. Young Boys Dikrech 3-1 (1-1) Um Mëttwoch gouf et di éischt Néierlag am Championnat fir d’Jongen an der Fiels. Dikrech huet probéiert vum Ustouss un ze weisen, wien di besser Equipe wier, wat ufanks och gelongen ass. Mat enger ganz offensiver Ausriichtung hu si d’Heemequipe hannen eran gedréckt, an et war am Fong just nach eng Fro vun der Zäit, bis d’Young Boys zu gudde Chance géinge kommen. Di Fielsser konnten sech awer lues a lues befreien an hu probéiert mat laange Bäll de Wee no vir ze fannen. Een vun deenen Bäll gouf dunn vun der Defense ënnerschat an de Fielsser Spiller konnt den 1-0 aus dem Näischt eraus schéissen. Kuerz drop koum et zu enger bal identescher Situatioun, di den Dani am Gol awer konnt klären. Nodeems d’Jongen sech gerëselt hunn, hunn si konsequent op den Ausgläich gedréckt. No engem schnellen Ugrëff iwwer rechts huet den Luis säi Matspiller gesicht an en Géigespiller fonnt, deen an den eegene Gol getraff huet. No der Paus sinn di Fielsser mi staark ginn an d’Jongen hunn lues awer sécher de Fuedem verluer. Sou koum et zu villen Ongenauechtegkeeten an zum 2-1 duerch e schéinen Wäitschoss. Während d’Young Boys sech vir festgerannt hunn, krut d’Fiels en Eelefter 20 Minutte viru Schluss, deen am zweeten Ulaf verwandelt gouf. Dikrech huet et bis zum Schluss ouni Erfolleg probéiert. Een verschossenen Eelefter kuerz viru Schluss huet en onglécklechen Dag fir d’Jongen ofgeronnt. De nächste Match ass e Sonndeg um 16 Auer doheem géint Béiwen.

facebook.com

18.9.2016 Coupe de Luxembourg: 2. Tour: Young Boys Dikrech vs. FC Rodange 91 1-3 (0-2) No enger engagéierter Leeschtung hunn d’Jongen sech missen mat 1-3 géint Rodange aus der Éierepromotioun geschloe ginn. Rodange war iwwer 90 Minutten di iwwerleeën Equipe an huet e gudde Grapp voll Chance leie gelooss. An der 12. Minutt ass ee Rodanger Stiermer mi héich gesprongen wéi all di aner a konnt den 0-1 käppen. Dikrech huet sech awer net verstoppt an probéiert schnell no vir ze spillen. De Joël konnt aus kuerzer Distanz op de Gol käppen, mee leider ze zentral. Duerno waren et de Bruno an d’Lat di fir d’Young Boys konnte retten. Virun der Paus konnt e Gaschtspiller no enger Pass vun der Säit den 0-2 oofstëppsen. No der Paus huet sech dat selwecht Bild gebueden. No engem Konter hu sech 3 Rodanger géint 2 Dikrech am Strofraum erëmfonnt an et stoung 0-3. D’Jongen hunn awer bis zum Schluss probéiert mat ze halen a goufen kuerz viru Schluss mam 1-3 duerch de Joël belount. E Mëttwoch den Owend um 19:30 Auer spille mer am Championnat an der Fiels.

facebook.com

11.09.2016 2. Divisioun, 1. Bezierk, 2. Spilldag: Young Boys Dikrech vs. FC Racing Ëlwen 4-2 (1-0) An enger monterer Partie setzen sech d’Jongen och um zweete Spilldag géint hire Géigner duerch, a gewannen mat 4-2 géint Ëlwen. Di éischt Halbzeit war ganz ausgeglach mat engem liichte Chanceplus fir d‘Haushären. De Bruno war bei deenen zwou beschte Chancen fir Ëlwen um Posten fir seng Faarwen am Spill ze halen. Den 1-0 fir d’Jongen fält dann elo schonn an d’Kategorie „Tor des Jahres“. De Joel huet de Ball no un der lénker Bande, an schléit eng bal 40 Meter weit Flank, di awer am Wénkel aschléit an een perplexe Golkipp zréckléisst. De Recht vun der éischter Halbzeit an den Ufank vun der zweeter Halbzeit hat een dunn d’Impressioun, wéi wann d’Jongen de Fuedem bëssen verluer hätten. No enger schéiner Pass an d’Déift konnt de Nuno awer d’Féierung fir Dikrech ausbauen. Kuerz drop fält den 2-1 no engem Ugrëff iwwert di offensiv lenks Säit, an et war nees spannend. No a no kruten d’Young Boys sech awer erëm offensiv duerchgesat, an et waren de Luis deen alleng virum Gol äiskal bliwwen ass, an den Cristiano mat engem schéine Solo géint 4 Ëlwener, déi de Match entscheede konnten. De Gäscht ass zwar nach den Uschloss gelongen, mee sie koumen duerno zu kengem geféierlechen Ofschloss méi. De nächste Sonndeg spille mer um 16 Auer heiheem an der Coupe géint Rodange.

facebook.com

Quiz