Top Local Places

Droberodung "Mat Léift gedroen"

, Soleuvre, Luxembourg
Company

Description

ad

Individuell Droberodungen bei mir oder bei Iech doheem.
Ech weisen Iech an aller Rou wei Dir ären Bébé mam Duch oder enger gudder Drohellef droen kennt Hallo!
Mäin Numm ass Sarah Becker-Bourckel an ech wunnen zu Zolwer.
Ech sinn Droberoderin säit Februar 2015 an hunn meng Grondausbildung bei der Trageschule Hamburg gemaach. Ech sinn säit Ufank Mäerz gepréift an maachen am Mee 2015 nach en zousätzlechen Opbaucours zu Köln och bei der TSHH.

Ech sinn glécklech bestuet an stolz Mama vun 2 wonnerbaren Jongen (01/2011 an 04/2014). Mäin Groussen hunn ech leider nik vill gedro. Ech hunn en elastescht Duch geléint kritt wei hien awer schonn 5 Méint hat an hat näischt vun enger Droberodung héieren. Ech hunn mir dunn versicht mat Internet-Videoen alles bäizebréngen an sinn awer relativ schnell drun gescheitert an hunn et leider opginn.
An menger zweeter Schwangerschaft war mir relativ schnell kloer dat ech mäin Bébé well vun Ufank un droen an hunn mir och dunn schonn mäin éischt Duch kaaft. No 2 Berodungen ass d'Droen och ëmmer méi einfach ginn an ganz frei hat ech schonn d'Idee fir d'Ausbildung och selwer ze maachen.

Ech kann mir den Alldag ouni Droen nemi virstellen, grad well et sou enorm praktesch ass an dem Bébé och nach immens gutt deet, kierperlech an séilesch! Wéint der grousser Leidenschaft déi d'Droen fir mech ginn ass, freeën ech mech drop Iech dëst weider ze ginn an hoffen dat ech Iech mam Virus "Droen" genau sou infizéieren kann :-)


HAPPY BABYWEARING!

CONTACT

Quiz

NEAR Droberodung "Mat Léift gedroen"