Schwéidsbenger Wäifescht asbl.
Description
D'Wäifescht fennt all Joer den éischten Weekend am September statt. Enner "Schwéidsbenger Wäifescht a.s.b.l." versti mer d´Schwéidsbenger Leit, dei bereet sin fir Kiirmesdaag e groussen Deel vun hirer Fräizäit ze afferen, fir dei bekannte Schwéidsbenger Kiirmes ze organiséieren. De Verein huet am Moment ca 70 aktiv Memberen. Niewt der "Fléifouer", wei d´Kiirmes och nach genannt gett, hu se sech och nach der Verschéinerung vun hirem Duerf verschriwen.
Schwéidsbenge lait mat sengen ca 300 Awunner un der Musel zweschent Réimech a Schengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg. Et as eng vun den dräi Uertschaften aus der Gemeng Wellesteen am Réimecher Kanton, Distrikt Gréivemacher. Duerch d´Fusioun vun e puer Gemengen as Schwéidsbengen vum 1.1.2012 un en Deel vun der Gemeng Schengen
Tell your friends
RECENT FACEBOOK POSTS
facebook.comKättche Kättche, bréng mir nach e Pättchen! 🥂 Kommt all haut laanscht op d'Schwéidsbenger Wäifescht a genéisst e flotte sonnege Sonndeg op der schéiner Musel! ☀️
De Wäibuer ass op! Genéisst e goude Pättchen zu Schwéidsbeng! 🥂🍇🎉
Nach näischt virgesi fir de Weekend an op der Sich no enger flotter Aktivitéit? 🍾 Da kommt den 3. September op Schwéidsbeng op d‘Waïfescht laanscht a genéisst äre Sonnden ronderëm etlech Aktivitéiten! 🙂 An, esou wei all Joer, hutt dir d'Méiglechkeet un enger Kéis a Wäin Degustatioun deelzehuelen 🧀🍷, den Handwierkermaart ze entdecken, bei Animatioune fir Kanner mat ze maachen, etc. De komplette Programm fannt dir hei : https://goo.gl/nfgrGU
http://radio.rtl.lu/emissiounen/reportage/1990020.html#
GEWANNT ENG KÉIS A WÄIN DEGUSTATIOUN! An schonn ass et nees esou wäit! Déi 65. Editioun vum Schwéidsbenger Wäifescht steet virun der Dier. :) Dir sidd Wäikenner oder einfach u Wäin interesséiert ? Da maacht mat bei eisem Gewënnspill a gewannt 4x1 Wäin a Kéis Degustatioun andeems Dir „Kéis&Wäin“ hei drënner schreift. Die 4 Gewënner ginn de 1. September gezunn. Vill Gléck ! :)
Denkt drun iech fir e leckeren gebakenen Fesch un ze mellen👍🏻🎉🍾🍷🐟