Top Local Places

D'Wäibar

49, rue de Macher, Remich, Luxembourg
Wine Bar

Description

ad

Eng Wäibar mat exklusiv lëtzebuergesche Wäiner an enger klenger, regionaler Iesskaart. D'Wäibar ass e Lokal wat et bis dato nach net op der Musel, respektiv zu Lëtzebuerg, gouf: D’Wäiner kommen exklusiv vu Lëtzebuerger Wënzer. Op Crémant, Wäissen, Rosé oder Rouden, et gëtt vun allem. Zousätzlech kréien d’Cliente vun der Wäibar d’Méiglechkeetalleguer d’Wäiner ze kafen, respektiv ze bestellen.

Mä net nëmmen déi lokal Wäikultur, och fir eis Iesskaart setze mir virun allem op héichwäerteg regional Produiten. Nieft enger gudder Schmier oder Tarte flambée ginn et an der Wäibar och Kéis- a Charcuteriestelleren, an am Nomëtten och mol e gutt Stéck Taart.

Zil vun der Wäibar ass et de Leit déi Lëtzebuerger Wäiner an engem flotten a gesellege Kader méi no ze bréngen.

An enger gemittlecher Ambiance gëtt et mol endlech rëm en Treffpunkt fir d’Leit aus der Regioun a vun ausserhalb: Et kann ee mol erëm ee „gudden huele goen“.

Nieft eisen normalen Deeg hu mir och eng Serie u Special Events, wéi zum Beispill Degustatiounen, Pop-Up Kichen, Akkusitk-Concerten, „Crémant und Kuchen“, etc.

An eisem Land gëtt et méi wéi nëmme Fussball oder d'Philarmonie, a genau dat soll een och an der Wäibar empfannen an erliewen.

RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

Am Kader vum Jazzconcert mat Fujazzi in trio dëse Freideg, presentéiere mir eng ugepasste Versioun vun eiser Dégustatiouns-Formule: Probéiert exklusiv Miseler Wäiner vun engem sprëtzege Crémant vun de Caves Krier Frères Remich SA, iwwert e fruuchtegen Auxerrois vun de Caves Benoit Kox bis hin zu engem komplexe Riesling vun der Maison Viticole Schmit-Fohl. De Präiss: 12 €, mat enger passender Agape aus eiser Kichen dobäi. Reservéiert lo är Plazen: 26 66 02 06, oder www.waibar.lu

facebook.com

Dëse Freideg hu mir rëm e gemittleche Concert an der Wäibar: eng Stëmm, e Piano, e Bass, Jazz vum Feinsten - Fujazzi in trio! Reservéiert lo schonn är Plazen, et gëtt exzeptionell: 26 66 02 06 oder www.waibar.lu

facebook.com

Da wësst der Bescheed! Reservéiert lo är Plazen um 26 66 02 06 oder via www.waibar.lu

facebook.com

Eis Damme si frou iech kënnen ze begréissen. Kennt dir schonn d'Jeanny (2. vu lénks)? Eis nei Powerlady gëtt haut gutt Gas, an an ausserhalb der Kichen...

facebook.com

Yes, we also have #fresh #lemon #ginger #tea! #Awesome, when it's not so #warm!

facebook.com

Prett fir den Apéro? D'Wäibar ass op!

facebook.com

Ok, et ass zwar lo net immens waarm, mä d'Sonn ass awer um Start. A wann dat Iech net duergeet: Mir hunn och schnuckeleg Decken!

facebook.com

1 day to go! Muer geet d'Wäibar nees op, mat e puer interessanten Ännerungen. #walloflove #walloffame #wallofopenwines #empty #specials #openwines #specialsoftheweek #news #teaser #d1 #backstage

facebook.com

Mir si matten an de Preparatioune fir den Update vun eiser Iesskoart! Preparatioune kënnen immens ustrengend sinn, mussen awer net...

facebook.com

Wéinst dem Succès vun der Wäibar si mir frou eis Ekipp kënnen ze verstäerken. Dofir siche mir: - 1 Gérant(e) – 40h, CDI ► Am beschte Fall: Dir hutt schonn Erfarung am Service, respektiv als Gérant(e) am Horesca Beräich. ► Charakter: Oppen, dynamesch, organiséiert, flexibel a professionell. ► Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, an e bëssen Englesch. ► Virdeeler: En Interessi un der Lëtzebuerger Wäikultur an de lokale Produiten. Mellt Iech mat CV per Mail: hello@waibar.lu, oder per Post: Wäibar s.à r.l. 49, rue de Macher L-5550 Remich

facebook.com

facebook.com

Eise Start war sensationnell, a mir si frou dass souvill Leit eist Konzept an déi lëtzebuergesch Wäiner gären hunn! Fir Iech awer nach e bessere Service a schéi Momenter ze schenken, maache mir 1 Woch eis Fläschen an Dieren zou! Mir kommen ënnert anerem rëm mat e puer Neiegkeeten an Iwwerraschungen op der Kaart. Dir kënnt awer lo scho gären ären Dësch ab dem 31. August reservéieren um 26 66 02 06 oder via http://waibar.lu

facebook.com

Quiz