Nouspelter Buergbrenner a.s.b.l.
Description
Offiziell Sait vun den Nouspelter Buergbrenner. Hei kritt dir Infos iwwert aktuell Evenementer, Fotoen vu verschiddenen Aktiounen a villes méi :)
Tell your friends
CONTACT
RECENT FACEBOOK POSTS
facebook.comD'Buergbrenner um traditionelle Fouertour :)
- z’iessen an ze drénken - vill Manchen Baurelotto bis owes spéit mat flotte Präisser - Spill a Spaass fir d’ganz Famill Mir freeën eis, Iech bei eis begréissen ze kënnen. :)
© Welter Michel
Ald erëm ass e Buerg-Weekend op en Enn gaangen. Mir soë jidderengem Merci, deen eis déi lescht Deeg ënnerstëtzt huet! Sief et mat senger Presenz, Hëllef beim Op- an Ofriichten, beim Frigo a Grill eidelmaachen ;) oder op soss eng Aart a Weis. Ouni IECH wier d'Buergbrennen net méiglech! Décke MERCI 🍻 🔥 🎉 👏 :D Merci och eisem Frënd, dem Mich, fir seng super Fotoën (y) Dat nächst Nouspelter Buergbrennen ass iwwregens de 17. Februar 2018, da kënnt der iech deen Datum ald scho fräi halen ;)
Kee gutt Wieder? Kee Problem! Bei eis kënnt der aus dem gehëtztnen Zelt eraus der Buerg nokucken... an 20 Minutte geet et lass :)
Da wësst der ald, wou et higeet ;)
© Welter Michel
Geschter Owend stoung d'Zelt ewell, mëttlerweil ass och eis Buerg gebonn... si freed sech scho fir muer de moien opzestoën ;)
Vun 18:00 Auer un beim Waasserbaséng um Léck: E gudde Patt an e gudde Maufel Glühwäin a Choky Grill- a Mettwurscht Musék a Spaass fir Al a Jonk am gehëtztenen Zelt Mir frëen eis op Äere Besuch!
Haut a muer verkafe mer Flammkuchen op der stater Theaterplaatz. Ausserdem ass Wäifoire vu vinoteca.lu Kommt laanscht e Pättche schmaachen an e gudde Maufel iessen!
Gudden Owend, d'Gewënner vun eise Virverkafsticket'en vum Wanterfest si folgend: 1. Präis: 224 2. Präis: 93 3. Präis: 146 D'Gewënner kënne sech bei engem vun eise Memberen mellen oder eis hei iwwer Facebook schreiwen. Merci :)
Fir gutt Stëmmung ass beschtens gesuergt! #wanterfest2016 #nouspelt #apresski #ichundmeinholz