Sidero
Description
Das SIDERO (Syndicat intercommunal de Dépollution des Eaux Résiduaires de l'Ouest) ist eines der grössten Abwassersyndikate Luxemburgs.
Tell your friends
RECENT FACEBOOK POSTS
facebook.comDen 1. März war d'Constituante vum neien SIDERO-Comité fir déi kommend Legislatur. Dobei sin déi nei Gemengedeleguéiert zesumme komm an et as en neien President an en neien Bureau gewielt gin. Neie President vum SIDERO as den Abby Toussaint. Memberen vum Bureau sin: Paul Mangen, Fernand Muller, Raoul Clausse a Jos Kockelmann. Den ehemolege President Alain Weins krut Merci fir säin langjähregt Engagement fir d'Saach vun dem SIDERO gesot, genau esou wéi den ehemoleghen Vize-Präsident Jeannot Jeanpaul. (photos: Claude Ries)
De SIDERO-President Alain Weins an de Vize-President Jeannot Jeanpaul hunn d’Personal zu enger Receptioun invitéiert fir Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht ze soen. Allebéid si si 2000 an de SIDERO-Comité komm. Den Alain Weins war vun 2000 – 2012 Éischte Vize-President vum SIDERO an dunn vun 2012 – 2018 President vun eisem Ofwaassersyndikat. De Jeannot-Jeanpaul koum 2003 an de Büro an war vun 2006 – 2018 Vize-President. Si allen zwee halen an hiren Mandater zum 1. Mäerz op, Datum vun der Constituante vum neien Comité. No de Mercien vum Alain Weins a Jeannot Jeanpaul huet den Direkter, Jean Weicherding deenen zwee alles Guddes gewënscht an och e grousse Merci fir hiert Engagement mat op de Wee ginn. Merci och fir hiert Kommen, dem directeur-honoraire Fred Lang an dem langjähregen Bureaus- a Grennungsmember Jacques Mischo. (photos: Claude Ries)
Mir sichen en neien Mattarbéchter fir an d'Administratioun
Neijorsreceptioun beim SIDERO. De Präsident an de Direkter hun de Matarbëchter am Numm vum Bureau a vun der Directioun villmols Merci fir hiren Engagement gesot. Hei e klenge Photoreportage (photos: Claude Ries)
D'Equipe vum SIDERO wenscht Iech allen e flott, gesond an erfollegräicht Joër 2018!
De SIDERO sicht en neien Mattarbechter matt CATP
De Bureau vum SIDERO huet haut déi pädagogesch Panneau'en ageweiht op der Mierscher Kläranlag. Dës sin besonnesch wertvoll am Kader vun den Visites guidées.
De Bureau vum SIDERO huet haut 2 Elektrobornen a Betriib geholl. De SIDERO setzt heimadden en weideren Accent a Richtung E-Mobilitéit
SIDERO-Labo
Eierung fir 2 verdengschtvoll Matarbechter fir hir 20 Joer Service am Cadre vum diner de fin d'année vum SIDERO. D'Personal, de Comité, d'Directioun an de Bureau vum SIDERO sin zu dem traditionnelen Iessen zum Joresenn zesumme komm, woubei de Präsident all de Matarbechter Merci fir hiren Asatz am laafenden Joer gesot huet. De Guy Hentges an den Christian Vosman kruten e speziellen Merci fir hir 20 Joer Dengscht beim SIDERO.
SIDERO-Budget 2018 gestemmt: Investissementer fir d Emwelt!
Vacance de poste dans le service comptabilité, CDD 1 année Tâches : saisies de factures en relation avec les projets d'assainissement et élaboration des documents ayant trait aux demandes de liquidation de subsides Entrée en service dans les meilleurs délais