Jugendzenter Märjendall
Description
De Jugendzenter Märjendall ass spezialiséiert op Aktivitéiten a Projeten an de Beräicher « Wuelbefanne vu Jonken » a « Mediebildung ». De Jugendzenter Märjendall ass spezialiséiert op Aktivitéiten a Projeten an de Beräicher « Wuelbefanne vu Jonken » (Teambuilding, kierperlech Aktivitéit an equilibréiert Ernährung) a « Mediebildung » (Mediegestaltung a Mediekritik).
D’Aktivitéite riichten sech u Klassen, Jugendhaiser a Jugendgruppen.
Den Iwwerbléck iwwert all Aktivitéiten déi am Jugendzenter Märjendall ugebuede ginn, fënnt sech ënner www.marienthal.snj.lu.
Den Zenter befënnt sech an engem exzeptionellen natierlechen an historesche Kader, um Site vun engem ale Klouschter a bidd iwwer d'Aktivitéiten eraus Schlofgeleeënheete fir insgesamt 96 Persounen, e Restaurant, eng Ronn 10 Formatiouns- a Konferenzreim an eng pädagogesch Kichen.
Tell your friends
RECENT FACEBOOK POSTS
facebook.comTimeline Photos
Net vergiessen dëse Samsdeg an e Sonndeg sin t'Diiren vum Märjendall nees op! Samsdes: Visites guidéën em 11.00 an em 14.00 Auer Sonndes: Porte ouverte a Visite guidéën em 11.00 an em 14.00 Auer Umeldung per Telefon bei der Madame Simon um 2478-6665, oder per Email op isabelle.simon@ssmn.etat.lu.
Timeline Photos
Och e Samsdeg, den 1. a e Sonndeg den 2. Oktober ass de kënnt Dir Märjendall erem am Kader vun de "Journée du patrimoine" entdecken! Hei de Programm: Samsdes: Visites guidéën em 11.00 an em 14.00 Auer Sonndes: Porte ouverte a Visite guidéën em 11.00 an em 14.00 Auer Umeldung per Telefon bei der Madame Simon um 2478-6665, oder per Email op isabelle.simon@ssmn.etat.lu.
Net vergiessen: Haut a muer sinn t'Diiren am Centre Märjendall am Kader vun de "Journées du patrimoine" op. Samsdes: Visite guideën em 14h00 an 16h00 Auer. Sonndes: Porte ouverte ab 11h00, Visite guidéën em 11h00 an 14h00 Auer.
Timeline Photos
Den 24. a 25. September proposéiert de Jugendzenter Märjendall am Kader vun de "Journées du patrimoine" Visite guidéën an Porte ouverten. De vollstännege Programm vun dësen Deeg fannt dir op: http://marienthal.snj.lu/news/ouverture-et-porte-ouverte-du-centre-marienthal Umeldungen fir d'Visite guidéën per Telefon um 2478-6665 oder per Mail op isabelle.simon@ssmn.etat.lu Net verpassen!! :-)
Crème fraîche
De Crème Fraîche geet an eng nei Ronn!! :-) Hei fannt dir méi Informatiounen. Dës nei Editioun net verpassen!! ;-)
Poste vacant de l'employé de l'État (m/f) dans le groupe d'indemnité B1 auprès du Service national de la Jeunesse (Réf.: 5275)*
Mir sinn op der Sich no enger Persoun fir eis Sekretariatsequipp. Villäicht ass dat jo eppes fir Iech? http://www.fonction-publique.public.lu/fr/recrutement/e-recrutement/recrutement-employes/2016/B1/20160722_5275_SNJ_MENEJ_EmployeB1/index.html
EGMJ Luxembourg
Timeline Photos
Och haut kënnt dir nach eng Kéier all eis Aktivitéiten ausprobéiere kommen, déi normalerweis just Jugengruppen a Klassen zougänglech sinn. Losst ierch bei enger Visite guidée duerch d'Geschicht vum Zenter féieren oder fuert en Tour mat der Päerdskutsch. Dir gesidd fir jiddereen as eppes dobäi...😉
Timeline Photos
Soundcheck vun der Fanfare Couche-Tard! Stëmmung garantéiert ab 19h00
Photos from Jugendzenter Märjendall's post
E puer Impressiounen vun haut. Eis Workshoppen laafe nach bis 19 Auer! Duerno as de Concert vun der Fanfare Couche-Tard!! Net verpassen 😉
Photos from Jugendzenter Märjendall's post
Lescht Preparativen....mir si prett...elo waarde mer just nach op ierch fir e genialen Daag zesummen ze verbréngen!!! Iwwregens eng gratis Navette bréngt ierch vu der Gare vu Miersch an de Mariendall!! 😎