Top Local Places

Déi Lampecher Fliichteschësser

12a rue du Ruisseau, Limpach, Luxembourg
Community Organization

Description

ad

Waat ass e Fliichteschësser??

Den Numm 'Fliichteschësser' ass e Spottnumm, deen déi Lampecher kritt hun, wéi hei nach gewiëwt gin ass. An där Zäit ass hei Fluës ugebaut gin. De Fluës ass da geschnidde gin, an d'Fliichten (Fluëshällem) sin an d'Waasser geluegt gin fir se kënnen opzeschloen an esou, laang Fiëdem domat ze spannen.

Waren déi Fliichten awer ze naass oder ze drëchen, sou sin se gerass, an d'Fliichte ware verschass!

Dass dun aus dem Fliichteverschësser een 'Fliichteschësser' gin ass, dat louch un deene Leit, déi déi Lampecher mat dësem Spottnumm wollte rose maachen.

CONTACT

RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

facebook.com

Mär kennen leider keng Umeldungen mei unhuelen. Merci fir d'Verständniss. Mullenowend à volonté oder Ham, Fritten an Zalot fir 18€ Samschdes, den 28ten Oktober 2017 ab 18 Auer zu Lampech a Millesch

facebook.com

Hei sin d'Gewënner vun der Tombola vum Bal mat Wallstreet: 1te Präis Nr. 545 2te Präis Nr. 426 3te Präis Nr. 241 4te Präis Nr. 147 5te Präis Nr. 268 6te Präis Nr. 628 7te Präis Nr. 327 8te Präis Nr. 133 9te Präis Nr. 302 Mellt Iech bis den 30.09.2017 um info@dei-lampecher.lu oder per Telefon um 37 80 82 oder 26 37 46 35

facebook.com

Ee scheinen Owend mat Wallstreet ✌️an mat äech all 👍👍👍

facebook.com

facebook.com

Mat lëtzebuerger Kascht a Musëk Et gëtt : · Kniddelen · gebootschte Gromperen · woarm Ham mat Sauermous · Wäinzoossiss mat Moschterzooss · Wirschtercher mat Sauermous · Paangecher

facebook.com

Kiermes am Duerf vun 11 Auer un gëtt et Apéritif - - - - - vun 12 Auer un gëtt et d’Mëttegiessen: Woarm Ham, Speckgromperen, Saubounen a Glace 18€ Ham, Fritten, Zalot a Glace 18€ Umeldung fir d'Mëttegiessen, bis spéitstens de 9. August !!! um Tel: 37 80 82 , 26 37 46 35 oder 37 12 63 oder iwwer Email - - - - - vu 14 Auer un sin op der Spillwiss Atelieren fier d’Kanner a Seelzeien - - - - - vun 19 Auer un: Danzmusek mam Serge Hansen

facebook.com

Ab 12 Auer Fir Iessen an Drenken ass gesuergt. Eise Stand ass zu Lampech bei der Kirch. Ab 14:30 Auer kennt Karavan.

facebook.com

Mir invitéieren Iech häerzlech vun 16:00 Auer un op „Wäin, Drëppen- an Likördegustatioun zu Lampech a Millesch Wënzer vu Mâcon an Ëmgéigend ginn Iech hier Wäiner ze schmaachen a d'Haus Muller-Lemmer presentéieren hier Drëppen a Likören.

facebook.com

Vun 21:12 Auer un. Fir Iessen a Gedrënks ass gesuergt!

facebook.com

Buergsonnden gi mer am Fakelzuch op d’Buergplaz Rendez vous ass um 19:00 Auer a Millesch Fir Iessen an Gedrenks ass gesuergt. Samschdes vierdrun fuere mir vun 14:00 Auer un duerch d’Duerf a sammelen alles wat brennt. Sonndes um 10:00 Auer get opgeriicht.(all Hëllef ass wëllkomm)

facebook.com

facebook.com

Quiz

NEAR Déi Lampecher Fliichteschësser