Top Local Places

Zesumme fir Leideleng

, Leudelange, Luxembourg
Political Organization

Description

ad

Zesumme fir Leideleng ass eng Beweegung déi sech forméiert huet, mam Zil eng nei a besser Politik fir Leideleng ze maachen. Zesumme fir Leideleng ass eng Bewegung déi sech forméiert huet, mam Zil eng nei a besser Politik fir Leideleng ze maachen.

Mir sinn iwwerzeegt dass eng modern, dynamesch an zäitgeméiss Gemengepolitik mat de Bierger zesumme gemaach muss ginn a net iwwert d’Käpp vun de Leit ewech. Eis 9 Kandidate fir d’Gemengewahlen 2017 hu ganz verschidden Hannergrënn, awer ee gemeinsamt Zil. Eis Prioritéite leien an de Beräicher Mobilitéit, Infrastruktur, Wunnen, Kultur, Integratioun, Sécherheet an dem Beliewe vum Duerfkär. Op dësem Site fannt der Informatiounen iwwert eis Kandidaten sou wéi eisen detailléierte Wahlprogramm.

Hutt dir nach weider Virschléi? Setzt iech mat eis a Kontakt!

www.leideleng2017.lu

RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

Op Ureegung vun eise 4 Conseilleren hin, hunn d’DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty beim Infrastrukturminister François Bausch nogefrot, wéi et mam Bau vun der Ënnerféierung beim lieu-dit « Um Schass » steet. 2012 ass dësen Gleisiwwergang am Kader vum Ausbau vun der Zuchstreck Lëtzebuerg-Péiteng zougemaach ginn. Säitdeem ass et net méi méiglech direkt vum Schléiwenhaff op Märel ze fueren. Hei fannt der hir Question parlementaire: https://leideleng2017.lu/ennerfeierung/

facebook.com

facebook.com

facebook.com

Zesumme fir Leideleng seet all senge Wieler e grousse Merci fir hiert Vertrauen. Mir sinn houfreg drop mam Marcel Jakobs, Jean-Pierre Roemen, Lou Linster a Patrick Calmus 4 Membere vum neie Gemengerot ze stellen. Mir felicitéieren der Equipe vun der Buergermeeschtesch fir hiert gutt Resultat a wäerten déi nächst 6 Joer eng konstruktiv awer kritesch Oppositioun sinn an eis fir eis Iddien asetzen.

facebook.com

Fir eng nei a besser Politik zu Leideleng, stäerkt dëse Sonnden déi 9 Kandidate vun Zesumme fir Leideleng. #Leideleng2017

facebook.com

Eise Planéit kann nëmme gerett ginn, wann iwwerall op der Welt op #LokalemNiveau duerfir gesuergt gëtt, dass d’Ëmwelt geschützt a nohalteg gewirtschaft gëtt. „Och Leideleng kann a muss säin Deel dozou bäidroen“, ass d’Lucie Morel iwwerzeegt. Eis Iddie fir eng nohalteg Entwécklung: https://leideleng2017.lu/emwelt/

facebook.com

Mein Vater, der Politiker Interessanten Artikel iwwert eise Kandidat Jean-Pierre Roemen am Luxemburger Wort. Kuckt iech en hei un: https://leideleng2017.lu/mein-vater-der-politiker/

facebook.com

Säit Jore gëtt zu Leideleng iwwert de Reamenagement vun der Place du Lavoir diskutéiert. Realiséiert gouf e bis ewell net. "Eng erhéichte #Liewensqualitéit kann nëmmen duerch e neien Duerfkär an eng Reduzéierung vum Verkéier erreecht ginn. Hei mussen elo Neel mat Käpp gemaach ginn", fuerdert de Marc Schartz. Eis Iddie fir eng erhéichte Liewensqualitéit: https://leideleng2017.lu/infrastruktur/

facebook.com

Den interkommunale Syndikat SIGI erméiglecht de Gemengen hier Budgeten ënnereneen ze vergläichen. D‘Gemeng Leideleng mécht do bis ewell net mat. „Dëse #Benchmark ass eng sënnvoll Initiativ fir Schwaachstellen am eegene Budget ze entdecken an ze behiewen“, sou d'Siobhan Harris-Ronan. Eis Iddie fir eng #PolitikDéiRechneKann: https://leideleng2017.lu/finanzen/

facebook.com

Gutt besichte Froestonn a vill Diskussioune mat de Leidelenger Bierger gëschter Owend an der Eech! Mir si frou eng ganz Rei nei Iddie kritt ze hunn, awer och dass mer op Problemer an eiser Gemeng opmierksam gemaach goufen, op déi mer net an eisem Wahlprogramm agaange waren. #Leideleng2017

facebook.com

Am leschte Gemengerot, krut de Schäfferot d'Mandat fir mat engem Exploitant de Vertrag fir de Bau vum #CIPA / Maison de Soins auszehandelen, woufir och eis zwee Conseilleren Marcel Jakobs a Patrick Calmus sech laang Joren agesat hunn."Eréischt wann ënnerschriwwen ass, kënne mer sécher sinn dass de CIPA endlech Realitéit gëtt", sou de Marcel Jakobs. https://leideleng2017.lu/cipa/

facebook.com

Eng modern Gemengepolitik muss mat de Bierger zesumme gemaach ginn a net iwwert d'Käpp vun de Leit ewech. "Bei engem Projet wéi dem #SharedSpace an der Rue du Lavoir muss all interesséierte Bierger kënne matdiskutéieren", betount de Jean-Pierre Roemen. https://leideleng2017.lu/biergerbedeelegung/

facebook.com

Quiz