Top Local Places

Jonk Piraten

1a, Route de Luxembourg, Kopstal, Luxembourg
Political organization

Description

ad

http://www.jonkpiraten.lu/ Du bass intresséiert dech mat aneren Jugendlecher iwwer Transparent Politik an Demokratie ze ënnerhalen an eppes ze veränneren? Dir sinn Dateschutz, d‘Privatsphäre an aner Politesch Themen wichteg? Dann giffs du gutt an d‘Jonk Piraten passen.

Eis geet et net duer just nozekucken wei déi etabléiert Parteien eis Zukunft verbauen, mir handelen an ënnerhuelen eppes fir eis Chancen eescht ze huelen, fir eng Positiv Zukunft opzebauen. Als quasi déi eenzeg Jugendpartei zu Lëtzebuerg déi net um Napp vun iergendenger Regierungspartei hänkt, stinn mir kloer fir déi Jonk am Land an, fir hier Ideeën an fir hier Léisungen.

Eis gëtt et elo schonns säit iwwert 3 Joer, mir sinn zwar domat eng relativ jonk an frësch Jugendpartei. Eis rezent Aktiounen wei Petitioun iwwert Studieboursen hunn gewisen, dat och mir present um Terrain sinn an keng Angscht hunn eppes ze ënnerhuelen, wann mir gesinn dat eppes net esou ass wie et an engem Sozial-Liberalen Staat sollt sinn.

Mir bidden dir als Member folgendes:

•   Een Demokratescht Matbestëmmungsrecht
•   Transparenz bei allem (och an den Parteisstrukturen!)
•   Eng frëndlech Equipe vun Politik intresséierten Jugendlecher (bis 27 Joer)
•   Zesummenhalt
•   Meenungsfräiheet
•   Du gëss aktiv Mat agebonnen an alles wat Jonk Piraten maachen


Wann dech dat alles uschwätz oder du nach gären méi Informatiounen häss dann mell dech roueg bei eis.

Et ass elo Zäit ze handelen, well wat haut geschitt dat huet Auswierkungen ob muer.

CONTACT

Quiz