Top Local Places

Séibühn Ënsber

, Insenborn, Luxembourg
Organization

Description

ad

D'Séibühn Ënsber ass anescht! Kulturell Plattform an eemolegem Kader. D'Séibühn Ënsber organiséiert kulturell Manifestatioune vun all Genre ënnert fräiem Himmel, virun engem vun de schéinste Panoramaen, déi een zu Lëtzebuerg erliewe kann.
Mir wëllen nei an aner Weeër goen an domat eng wichteg Beräicherung fir dës eemoleg Landschaft leeschten.

Et geet dorëms regional, national a souguer iwwert d'Grenze vum Grand-Duché eraus ee Programm mat héchster Individualitéit unzebidden - net nëmme fir nei Leit op de Stauséi ze lackelen, mee virun allem och fir déi sëlleche Visiteuren, déi elo schonn all Joer hire Wee op de Séi fannen.

Manifestatiounen ënner fräiem Himmel bidden eng Alternativ zu de groussen a klenge Bühnen, wéi och zu de regionale Kulturhaiser am Land, well d'Programmatioun enger Zoufällëgkeet ënnerläit, déi keen anere ka bidden. Dës Aflëss vu Baussen entwéckelen eng eegen Dynamik, déi nëmmen de Fräiliichtspektakel offréiere kann.

Inszenéierung, Spill, Bühn, Kostümer, Toun a Musek: alles gëtt anescht an doduerch eemoleg. Wat den Zuschauer hei erlieft, kann sech net widderhuelen.

D'Séibühn Ënsber ass anescht!

CONTACT

Quiz

NEAR Séibühn Ënsber