FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps
Description
Lëtzebuerger Fussballklub vun Harel. Lëtzebuerger Fussballclub.
Entstan 1977 aus der Fusioun vum „F.C. Harlange 1963“ an dem „F.C. Tarwat Tarchamps 1948“.
Tell your friends
RECENT FACEBOOK POSTS
facebook.comD‘FLF huet de gesamte Spilldag vun dësem Weekend ofgesot: d‘Green Boys spillen deemno muer och net zu Gilsdref!
Fir de 15. Spilldag reest eis 1. Ekipp e Sonnden op Gilsdrëf. Dräi Punkte géint den Tabellenzingten wieren net vu Muttwëll, mee d'Virzeeche stin - wéi sou oft - schlecht. Mat Lucien Nicolas a Guy Koeune fällen nämlech zwee Stammspiller verletzt aus. Géint Dikkrech gouf den Nicolas gefoult an huet sech dobäi ee Rass am Fouss zougezunn: hien wäert wochelaang ausfalen. De Guy Koeune gouf e Sonnden mat Verdacht op Zerrung ausgewiesselt an muss momentan pauséieren. Och de Jeff Moos ass ugeschloen. Och d'Bilanz géint d'Jeunesse Gilsdrëf ass net positiv: déi läscht dräi Dueller goufe verluer. Op dës Negativserie um Weekend gebrach ka ginn? Ustouss ass e Sonnden um 16:00 Auer um Terrain "Krottepull" zu Gilsdrëf! ➡️Eis zweet Ekipp start iwwregens e Méinden an d'Réckronn, dat mat engem Heemmatch géint Housen (20:00 Auer). ➡️D'Minimes spillen e Samsden um 15:00 Auer zu Harel géint Ierpeldeng.
Harel start schlecht an d'Réckronn an ënnerläit zu Dikkrech mat 3:0. Den éischte Gol fir d'Young Boys ass no enger halwer Stonn gefall, déi zwee aner Goler an der Nospillzäit vun der zweeter Halschent, wéi d'Green Boys no der Verletzung vum Guy Koeune nëmmen nach zu 10 um Terrain waren. Virun allem am Spill no fiir ass eiser Ekipp kaum eppes gelong, an am Spillopbau si vill zevill Passen beim Géigner geland, an esou eng Feelpass huet och zum éischte Géigegol gefouert, wéi Dikkrech iwwer rechts kontere konnt an déi uschléissend Flank vun hirem Stiermer genotzt konnt ginn. Do virdrun war op Hareler Säit just ee Versuch vum Jang Wiltgen an een Distanzschoss vum Jeff Moos ze vermierken. An der zweeter Halschent ass et den Hareler den Ausgläich dunn och net méi gelong. Kuriéiserweis klammen d'Green Boys an der Tabell op d'Relegatiounsplaz, well déi punktgläich Kolmer-Bierger duerch een 1:5 géint Useldeng elo eng méi schlecht Goldifferenz hun. Den Ofstand op d'Plaz 10 ass weider bei 4 Punkten. Nächste Sonnden geet et auswäerts géint Gilsdrëf, ier Mëttwochs direkt den Nodrosmatch an der Fiels gespillt gëtt.
Réckronnenoptakt: dëse Sonnden geet et erem un mam Fussball an der 2. Divisioun. Zu Dikkrich treffen d'Green Boys op d'Young Boys. De Marco Cornaro muss bei sengem Pflichtspieldebüt op der Trainerbänk virun allem ee Mëttel géint d'Ofwier vun der Lokalekipp fannen: just Useldeng a Schieren hun doheem manner Goler kasséiert wéi di Dikkricher. Kuriéiserweis hu si auswäerts am Schnëtt zwar méi Punkte geholl wéi doheem, awer och bal dräimol souvill Géigegoler kasséiert. Virun 2 Saisonen hu sech béid Veräiner nach em de Klassenerhalt an der 2. Divisioun duelléiert, mam besseren Enn fir d'Young Boys. A wat seet den Terrain? Am Moment gesäit mol esou aus, wéi wa kéint gespillt ginn. Falls sëch dorunner näischt méi sollt änneren, gi mir Iech Rendez-vous e Sonnden um 16:00 Auer am Stade Municipal zu Dikkrech!
Och den Testmatch vu muer géint Wëlwerwolz fällt dem Schnéi zum Affer an ass ofgesot! Nächste Rendez-Vous wier dann - wann den Terrain bespillbar ass - e Sonnden zu Dikkrech fir de Start vun der Réckronn.
Den Testmätch vun eiser Ekipp zu Mäerzeg, dee muer sollt gespillt ginn, as wéinst dem Schnéi ofgesot. De läschten Test virum Start vun der Réckronn ass domat Dënsdes, den 13. Februar um 20:00 Auer zu Harel géint Wëlwerwolz!
E Samsden gouf op der Generalversammlung Bilan gezunn vum Joer 2017. Sportlech a finanziell war d'Joer vum 40. Gebuertsdag vum Club gutt, mat virun allem dem Opstig vun der 1. Ekipp an d'2. Divisioun an engem ordentleche Benefice an der Keess. Aus Comité ausgestrueden sinn am Laf vum Joer aus verschiddenen Ursaachen de Präsident Rol Weber, Keessier Jos Pleschette a Jeff Peiffer. Hinne gouf ee grousse Merci fir hire benevolen Asaz an hir gutt Aarbecht an de läschte Joeren gesot. Et gouf awer och zwou Kandidaturen fir an de Comité: nei dobäi sinn den Alain Lonsdorfer an de Louis Claude. Mëttes hat d'éischt Ekipp an engem Testmatch mat Rammerech 2:2 gläich gespillt.
D'Generalversammlung vum Club ass e Samsden, den 3. Februar ass um 19:30 Auer an der Buvette vum Terrain "am Duerf" zu Harel. Et ginn nach Leit fir an de Comité gesicht - also mellt Iech roueg! Hei nach d'Resultater vun den zwee éischten Testmatcher: Harel - Bastnech 4:0 (2x de Pina, Moos, Nicolas) Harel - Vaux-Noville 2:3 (Nunes, Moos) Detailer zu de Matcher ginn et op www.fupa.lu
Muer um Dënsden ass deen éischte vun enger Rei Testmatcher vun eiser éischter Ekipp. Hei sinn all d'Terminer: Dëndes, 23. Januar, 20:00 Auer: GB 77 - Bastnech (B) Samsdes, 27. Januar, 16:00 Auer: GB 77 - Vaux-Noville (B) Dënsdes, 30. Januar, 20:00 Auer: GB 77 - Mageret (B) Samsdes, 3. Februar, 16:00 Auer: GB 77 - Rammerech Freides, 9. Februar, 20:00 Auer: Mäerzeg - GB 77 Dënsdes, 13. Februar: GB 77 - Wëlwerwolz (Auerzäit steet nach net fest)
🔁 Säit dëser Woch ass d'éischt Ekipp rem am Training - a mat dobäi sinn zwee al Bekannter: de Ben Klee (27 Joer) an de Vito Fiume (25) sinn eis Wanterneizougäng! Allen zwee sollen si hëllefen, d'Defensive ze stabiliséieren. De Ben Klee ass no 17 Joer bei de Green Boys 2016 op Wëntger gewiesselt. Hien gëtt elo temporär bis Enn der Saison vum ASW ausgeléint. De Vito Fiume huet vun 2013 bis 2015 gutt 40 Matcher fir Harel gespillt, ier hien zréck bei den FF Norden 02 gaangen ass. Och hien ass bis Enn der Saison ausgeléint. Wëllkomm zréck! 💪 Eng manner gutt Nouvelle kënnt vum Tom Kieffer: aus berufflëchen an zäitleche Grënn steet hien fir d'Réckronn leider net méi zur Verfügung.
Läschte Freiden hat d'Stauséigemeng op hir Sportleréierung invitéiert, an do goufen eng ganz Rei Green Boys ausgezeechent. Eis éischt Ekipp krut fir hiren Opstig an d'zweet Divisioun an der Saison 2016/17 gratuléiert. Och eis Minimes, déi d'läscht Saison direkt zweemol hannerteneen vun der 6. bis an déi 4. Klass opgestige sinn, kruten eng Coupe an een Diplom iwwerreecht. Doniewt gouf och nach de John Baum als "arbitre méritant" geéiert: hie war säit 1972 vertéischt als Spiller, spéider a bis haut dunn als Arbiter an huet a senger Karriär well iwwer 1600 Matcher gepaff! Gléckwonsch un all eis Laureaten, a weider sou!
Den Turnéier gëschter an der Sportshal zu Harel war een Erfolleg. Déi jonk Spiller a Spillerinnen hu sech ameséiert an de ganzen Dag ass fair a sportlech iwwert d‘Bühn gaang. Op de Podium koumen folgend Ekippen: ➡️ Bambinis: 1. Atertdaul 2. Housen 3. Baastenduerf ➡️ Poussins: 1. Ettelbréck 2. Harel 3. Ierpeldeng ➡️ Minimes: 1. Ettelbréck 2. Harel I 3. Givry Vun deser Plaz ee grousse Merci u jiddereen deen do war an och der Agence Générale Schon fir d‘Stëfte vun de Coupen! Mir verabschieden eis dann hei fir dëst Joer a wënsche jidderengem flott Feierdeeg an ee gudde Rutsch an dat neit Joer!