Top Local Places

Op der Lay

rue d'Eschdorf 25, Esch-sur-Sûre, Luxembourg
Publisher

Description

ad

• books & music •publishing house and CD label in Luxembourg:poetry and fiction / books for children / crime thriller…in Luxembourgish, German, French now with an own webshop: www.opderlay.com

CONTACT

RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

Dem René Hübsch seng Autobiographie "Den Zoufall huet matgespillt" bei Op der Lay weist eis och déi ofwiesselungsräich Entwécklung vun eisem Land an de leschten 80 Joer a wäert mat sengem liichten Erzielstil sécher ganz vill Lieser fannen. http://www.opderlay.lu/index.php/lu/literatur-lu/bicher-lu/item/185-rene-huebsch-den-zoufall-huet-matgespillt

facebook.com

Elo ass dem Roland Meyer säin neit Buch do: "Tel Mo". E Kannerbuch fir erwuesse Leit. De Roland Meyer widderhëlt sech net a senge Bicher an all Buch vun him ass nei an anescht, mä wann et grad sou e Succès gëtt wéi säi Buch "Den décken dommen Dudu" … Vläicht sidd Dir elo intresséiert: http://www.opderlay.lu/index.php/lu/literatur-lu/bicher-lu/romaner/item/184-roland-meyer-tel-mo

facebook.com

Sécher e ganz interessanten Owend en Dënsdeg, den 13. Juni an der Librairie Ernster an der Stad: http://www.rtl.lu/kultur/bicher/1044765.html

facebook.com

Eng rezent Rezensioun vum Gast Groeber sengem Roman fir Jonker "De Griss". Vläicht sicht jo nach een eng gudd Lektür – hei fannt Der se bei Op der Lay.

facebook.com

De Saarländischer Rundfunk (SR) hat de 27. Mäerz 2017 e ganz interessante Bäitrag iwwert eise Krimiauteur Marco Schank bruecht. Hei kënnt Dir dee Portrait nach eemol an der SR-Mediathek kucken. Wann Dir wëllt viruscrollen: De Bäitrag start bei der Minutt 13 an dauert 5 an eng hallef Minutten. Och eng Rei Deputéiert kommen ze Wuert wéi och eisen Ausseminister, de Jean Asselborn. Also schonn derwäert mol ze kucken!

facebook.com

A wou war dann do erëm Lëtzebuerg mat sengem Nationbranding? :( http://www.mdr.de/kultur/buchmesse/leipziger-buchmesse-abschluss-besucherrekord-100.html

facebook.com

"Aname", dat éischt Buch vum Charles Meder, kritt ganz vill gudd Kritiken. Vläicht lauschtert Der mol hei am Bea Kneip seng Rezensioun eran: http://www.rtl.lu/kultur/bicher/1016674.html

facebook.com

E Freideg, den 3. Mäerz, an de Freideg dono, den 10. Mäerz sinn all Kéier Auteure vun Op der Lay zu Käerch op de Literaturowenter: d'Claudine Muno an de Gast Groeber. Firwat also net mol dohi goen …

facebook.com

«Aname» heescht déi éischt Buchpublikatioun op Däitsch vum Charles Meder, woriwwer d'Valerija Berdi vom sozio-kulturellen Radio 100,7 seet: "D’Geschicht werft mat all Säit nei Froen op, duerch hir Komplexitéit sinn awer keng einfach Äntwerte méiglech. Näischt ass esou wéi et schéngt an der prekärer Welt vum Jule a vum Thilo, souguer si selwer net…" http://www.opderlay.lu/index.php/lu/literatur-lu/bicher-lu/romaner/item/183-charles-meder-aname (Ass och bei Amazon fir de Kindle ze kréien!)

facebook.com

Losst Iech einfach eng kuerz Krimigeschicht aus "Todesengel" vum Marco Schank selwer virliesen …

facebook.com

Bicher schenken ass ëmmer eng gudd Iddi! Op der Lay huet eng ganz grouss Auswiel vu ganz ënnerschiddleche Bicher op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. Kuckt Iech mol ëm op eisen Internetsäiten. Oder wéi wier et vläicht mam Lëtzebuerger Buchpräis 2017 an der Spart Literatur? http://www.opderlay.lu/index.php/lu/literatur-lu/bicher-lu/geschichten/item/174-claudine-muno-komm-net-kraischen

facebook.com

Elo ass dat neit Buch mat Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch vum Gast Groeber do, dee jo den Europäesche Literaturpräis 2016 kritt hat. Elo virwëtzeg ginn? Hei (an natierlech an all gudder Librairie) ass et ze fannen: http://www.opderlay.lu/index.php/lu/literatur-lu/bicher-lu/geschichten/item/182-gast-groeber-eng-stad-ennert-dem-himmel

facebook.com

Quiz