Top Local Places

Gemeng Ell

27 Haaptstrooss, Ell, Luxembourg
Organization

Description

ad

Offiziell Facebook Säit vun der Ell' er Gemeng.Op dësem Wee deelen mir Aktuelles aus der Gemeng. Notzungsbedingung ass de géigesäitege Respekt. Eng Präsenz an de soziale Medien ass eng Chance fir eis nach méi schnell kënnen iwwer aktuell Sujet'en auszetauschen.

Aus dem Gronn ass déi Ell'er Gemeng och elo op Facebook. Kommentare sinn erlaabt soulaang et sachlech a korrekt bleift. Mir halen eis d'Recht fir eenzel Kommentaren ze läschen.

RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

Éischt-Hëllef-Cours zu Réiden

Dir kënnt am Zärenhaus zu Réiden ab dem 20. September är 1. Hëllef Kenntnisser nees opfrëschen. Wann dir nach ni een 1. Hëllef Cours gemaach hutt, dann ass grad elo d' Geleeënheet. (Mir wäerte bestëmmt och nees sou ee Cours bei eis an der Gemeng ubidden, verstitt awer w.e.g. dass mir dat nit all Joer offréiere kënnen. Dëst Joer ass keen bei eis virgesinn, dee leschte Cours läit nach nit sou laang zréck.)

Éischt-Hëllef-Cours zu Réiden
facebook.com

Ell - Course cycliste à Ell

Samschdes, de 27ten August 2016 ass eng Vëlo's Course (Contre la Montre) zu Ell. Des Informatioun gouf schonns an der Eller Gemeng ausgedeelt, fir Matbierger also just ee Rappel, mee de Post dierf gär gedeelt ginn, fir dass aner betraffe Leit des Informatioun matkréien. Fir Cyclisten soll et och nach nit ze spéit sinn fir sech unzemellen. Um Site vum Dëschtennis Ell fënnt een de Formulaire fir sech anzeschreiwen: http://dtell.lu/data/aktiviteiten/Formule%20d'Inscription.pdf http://www.ell.lu/actualite/actualite-course-cycliste-a-ell

facebook.com

www.ell.lu

Sécher a bequem mam Bus op d'Schueberfouer D' Schueberfouer ass nees amgaang an da stellt ee sech d’ Fro wéi kommen ech dohinner. Bei der Fouer fënnt ee souwisou keng Parkplaz dofir muss een op de Park&Ride. Firwat also nit direkt vun doheem aus mam Bus dohi fueren. Sou ass ee sécher, dass ee keng Punkten hänke léisst wann de Béier ze vill gutt schmaacht. De Bus 250 deen iwwer Ell fiert, bréngt een nach um 01:10 an der Nuecht vun der Charly’s Gare heem. Fir eis Awunner vu Kolpech, Kleng-Elchert oder Rued gëtt et leider keng direkt Ligne déi bäigesat gouf, mee et gëtt nach d’ Ligne 265 déi och bis 01:10 am Stonnen Takt vun der Charly's Gare op Réiden fiert. All Informatiounen zu de speziellen verlängerten Zäiten fannt dir hei: http://www.ell.lu/Courses_sp%C3%A9c_RGTR_Schueberfouer%202016.pdf?FileID=publications%2fcourses_sp%c3%a9c_rgtr_schueberfouer+2016.pdf

facebook.com

Photos from Gemeng Ell's post

Déi Ell 'er Kiermes steet vrun der Dier mat engem gutt gefëllte Programm. Mir freeën eis, fir mat Iech all zesummen, eng flott Zäit ze verbréngen. Dëse Message dierf natierlech gär gedeelt ginn.

Photos from Gemeng Ell's post
facebook.com

MASKéNADA

Et freet eis immens dass am Manège vum Schlasspark zu Kolpech am Juli an am August eppes weider lass ass. De Serge Tonnar kéint 9 mol bei eis an de wëlle Westen fir mat Legotrip a Zap Zoo opzetrieden. Umelle kann ee sech op Maskenada.lu. Informatiounen fannt dir hei http://www.maskenada.lu/index.php?section=archiveN&sec1=wellew

facebook.com

Timeline Photos

Den Ofwaasser Syndikat, de Sidero sicht ee fräie Mataarbechter fir säin Info Mobil ze leeden.

Timeline Photos
facebook.com

Timeline Photos

Dir wëllt gär mol als Animateur mat Jonken schaffen, dann ass dat elei genee dat Richtegt fir Iech. Duerf natierlech gär gedeelt ginn.

Timeline Photos
facebook.com

Timeline Photos

Mir freeën eis wéi all Joer mat Iech Nationalfeierdag ze feieren. Dëst Joer wäerten d'Consommatiounen nit méi gratis sinn wéi déi Jore virdrun. Den Erléis gëtt integral un "Fondatioun kriibskrank Kanner" weider gereecht. All Consommatioun kascht 1 € oder 1 Beki.

Timeline Photos
facebook.com

Haut den Owend fënnt d' Noperfest am Centre Camille Ney zu Ell statt. Dëst flott Fest ass vum Eller Syndikat d'Initiative an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an hirer Integratioun's Kommissioun organiséiert. Mir sti voll hanner dëser Manifestatioun, Integratioun ass mat dat wichtegst an der haiteger Zäit. Kommt a schmaacht ee Maufel aus allen Ecken vun der Welt.

facebook.com

Inform' Ell 2 2016

http://issuu.com/gemengell/docs/inform_ell_2_2016_web?e=3301268/36477651 Ganz frësch servéiere mer Iech den Inform' Ell 2 2016.

facebook.com

TOUR du DUERF 2016

https://tourduduerf.lu/index.php?L=1&id=1152

facebook.com

D'Gemeng wäert eréischt no dem Accord vum Gemengerot des Facebook Säit mat Contenu fëllen a promouvéieren. Bis dohinn ass d'Säit réicht an der Beta Phase ;) Dat heescht ab Enn Juni, kommen Neiegkeeten op dëser Plaz.

facebook.com

Quiz

NEAR Gemeng Ell