Amateur Astronomen Lëtzebuerg
Description
Astronomes Amateurs du Luxembourg a.s.b.l.
« Mir bréngen Iech d'Stäre méi no ! » D'Astronomie, déi viru villen dausend Joer äus der Observatioun vun den Himmelskierper entstanen as, huet sech säitdeem a verschidden Déelberäicher wéi z.B. Planetologie, Astrophysik oder Kosmologie, weiderentwëckelt.
Dëst reflektéiert sech och an den Interessen vun eisen Clubmemberen. Verschidenner begeeschteren sech fir d'Stärekonstellatiounen an d'Planéiten, anerer zéien et vir, an den Déiwten vum Universum no Galaxien an Niwwelen ze sichen.
Vill vun eise Memberen hunn duefir hirt eegent Beobachtungsinstrument, siew et een Teleskop oder e Feldstiecher. Eis Aae sin och een exzellent optescht Instrument, mat dem schons villes beobacht ka ginn.
Virun Äonen sinn an de Stären d'Elementer fir d'Bausteng vum Liewen entstanen. Mir hun eréischt ugefangen ze verstoen, wéi eise Sonnensystem sech geformt huet, an ganz wäit dobäussen, tëschent de Galaxien as nach vill Onbekanntes z'entdecken. Vill Froe waarden op eng Äntwert.
An eisem Club si Fraen a Männer aus allen Altersgruppen, déi bestriewt sin, Iech op Är Froen zur Astronomie eng Äntwert ze gin.
Dir kënnt eis schreiwen oder eis eng E-Mail schecken. Dir kënnt eis awer och ënnerem Stärenhimmel treffen oder an eis Clubviirträg kommen. Et si kengerlee Viirkenntnisser erfuerdert.
D'Astronomen denke visionär a mir hunn d'Visioun vun engem nationalen astronomesche Beobachtungs- an Schoulungszenter! Firwat net een Observatoir mat engem Planetarium zu Lëtzebuerg? Mir hunn d'Realisatioun vun esou engem Zenter zu eisem Ziel gemaach a mir versichen d'Leit an de verantwortleche Positiounen vum Sënn an der Noutwendegkeet vun desem Ziel z'iwwerzeegen.
Wann Dir méi wëllt wëssen zou dësem oder engem aneren astronomeschen Thema, da kënnt Dir eis besichen op enger vun de Sëtzungen äus dem Programm, deen Dir op dëser Homepage fand.
Mir bréngen Iech d'Stäre méi no !
D'Virtréi sinn op lëtzebuergesch!