Top Local Places

Brainstormers, Gemeng Contern

4, Place de la Mairie, Contern, Luxembourg
Organization

Description

ad

Brainstormers aus der Gemeng Contern - Vu Jonker fir Jonker Brainstormers? Wat ass dat dann?
Brainstormers ass eng Grupp vu jonken engagéierte Leit aus der Gemeng Contern, déi bis elo mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng, der Jugendkommissioun a 4motion Evenementer organiséiert hunn, an Ideeë fir d’Integratioun an d’Liewe vun all de Jugendlechen an den Dierfer aus der Gemeng ze fuerderen.

Wat genau leeft dann do?
Mir organiséieren zum Beispill de Beach Day, haten awer och e klenge Festival organiséiert, Infosessions zu diversen Themen déi Jugendlech intresséieren a villes méi.
Mir hunn awer och mat der Gemeng gekuckt fir z. B. eng Grillplaz oder e Beach Volleyball Terrain ze kréien, an och beim Jugendhaus wëlle mir e Wuert matschwätzen.
Hues du och nach Ideeën?

Wéi ass déi Equipe entstan?
Dee ganze Projet ass aus dem Jugendkommunalplang entstanen, no deem senger Presentatioun verschidde Jonker sech getraff hunn, fir konstruktiv un der Realisatioun vun deem Plang a verschidden Ideeë matzeschaffen.

Wien schafft do mat?
An de Brainstormers si Jonker aus der Gemeng, Leit aus den 3 Club des Jeunes Contern, Éiter-Schraasseg an Mutfert-Méideng a Memberen aus der Jugendkommissioun. Mir sinn eng oppen Equipe wou jiddweree ka matmaachen dee Loscht huet.

CONTACT

RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

2nd-Hand Maart fir Jonker (Org.: Jugendkommissioun Conter)

1.groussen Second Hand Maart just vir Jonker ! Et gett Fréijoer ☀️ Zait vir d'Schief ze raumen! Alles wat dir net méi braucht/wellt kent dir hei tauschen oder verkaafen Reservéiert ären Desch - di 1. si vir 😉

2nd-Hand Maart fir Jonker (Org.: Jugendkommissioun Conter)
facebook.com

2nd-Hand Maart fir Jonker (Org.: Jugendkommissioun Conter)

2nd-Hand Maart fir Jonker (Org.: Jugendkommissioun Conter)
facebook.com

AGENDA VUN DER JUGENDKOMMISSIOUN 2016 Kachcour: 22/02 + 23/02; 29/02 + 01/03 1ten Grousse Secondhandmaart vir di Jonk: 08/05/2016 Atelier Graffiti mat eiser Police a mam Kenschtler Raphael Gindt : 17/05; 18/05; 19/05 Beachday zu Contern: 09/07/2016 Ausfluch: 19/07/2016 Openairkino zu Contern : 29/07/2016 Fussballstournoi mat eiser Police : 03/11/2016 Wanterkino: 09/12/2016 Dat sinn all eis Aktivitéiten déi mir schon iwwer Joeren an eiser Gemeng organiséieren vir di Jonk. Dest Joer ganz NEI : 1ten Grousse Secondhandmaart vir di Jonk: 08/05/2016 Vir all déi di hier Schief welle raumen an hier Saachen (Kleeder, Handyen, Poschen, Videospiller, Schong, Bijouen, asw. déi si net méi wellen kennen tauschen oder verkaafen….. Vir all Aktivitéit kritt dir nach e Flyer an d’Haus !

facebook.com

Quiz