Top Local Places

Club des Jeunes Bettenduerf

24, rue de l'Église, Bettendorf, Luxembourg
Non-profit organization

Description

ad

D'Grënnungsversammlung war den 21. März 1972. Schon demols gouf sech d'Ziel gesaat, fir "Komerodschaft vun der Jugend am Duerf, mä och an der Ëmgéigend ze  Ët sin lo méi wéi 30 Jär hier, datt den Club des Jeunes Bettenduerf vun en puer jonken Léit an d'Liewen geruff gouf.
D'Grënnungsversammlung war den 21. März 1972. Schon demols gouf sech d'Ziel gesaat, fir "Komerodschaft vun der Jugend am Duerf, mä och an der Ëmgéigend ze förderen, an d'Unzéiungs-kraaft vun eiser Géigend durch geegend Manifestatiounen ze vergréisseren".
Sou as et nët verwonnerlëch, dass den Club des Jeunes schon an sengen Ufanksjären eng ganz Partie Aktivitéiten opzeweisen haat. Als Member vun der FLMP (Férdération luxembourgoise de marche populaire) huet en Wanderungen hei zu Bettenduerf organiséiert.

Fir en besonnechen Héichpunkt am demolegen Manifestatiouns-kalenner huet den Club des Jeunes awer wuel mat senger Cavalcade gesuegt, déi ëmmer op Fuesméindeg duerch Duerf gezunn as.

Dës Cavalcade as awer no e puer Jär vun den "Fuesspiller", bäi denen d'Duerfveräiner géinteneen ugetrueden sin, ofgeléist gin.
Niewt enger Partie Baler, déi zu där Zäit ofgehaalen goufen, fir dem Club seng finanziell Laag ze secheren, as schon demols den Brauch opkomm, fir mam Kleeschen bäi déi eler Lëtt ze goen. Doniewt gouf den Fakelzug agefouert, an d'Mekranzfeir op dem 1. Mee ass rëm opgegraff gin.







Mä wéi iwerall, gët et och an éisem Veräin net nëmmen schéin Momenter. Heiansdo kënnt ët zu Streidereien, an sou huet och den Club des Jeunes seng Héichten an seng Déiften erliewt. Den trauregsten Moment war wuel am Jaar 1977, wou den Club op sengem déifsten Punkt war, an kurz virun der Opléisung stung. Neien Initiativgeescht awer huet den Club rëm zum Liewen erwächt, an et as och geschwënn rëm de Bierg op gangen.

Eisen Veräin war och zesummen mat 38 aneren Veräiner un der Grënnung vum "Daachverband vun den Lëtzebuerger Jugendklibb a.s.b.l." bedeelegt. De Grondsteen fir dësen Veräin gouf den 21. September 1996 op der Grënnungsversammlung zu Ierpeldeng/Ettelbreck geluegt.

Op der Generalversammlung den 12. Januar 2002 sin déi aktuell Satuten nei gestemmt, an den Veräin ass an eng ASBL ëmgedeeft gin.



Den Club des Jeunes am Alldag

Haut si mir frou, eis regelmässeg Freidës an Samsdës an eisem Clubsall treffen ze können, fir éis Fräizäit, mä awer och eis Aktivitéiten ze plangen, well fréier, wéi den Club des Jeunes nach kee Sall vun der Gemeng zur Verfügung gestallt krut, war d'Clublokal ëmmer an engem vun den Duerfcaféen.





Haut huet den Club des Jeunes ongeféier 70 Memberen, déi  tëschend 15 an 35 Jär hun, an déi nët bestued sin. Haut sin ët bal 45% vun hinnen, déi nët méi an der Gemeng Bettenduerf wunnen an den Duerschnëttsalter vun den Veräinsmemberen läit bäi ongeféier 22 Jär.

CONTACT

Quiz

NEAR Club des Jeunes Bettenduerf