ONG 'Komm hëllef mat Préizerdaul' asbl
Description
D'ONG 'Komm hëllef mat Préizerdaul asbl' setzt sech am Beräich vun der Entwécklungshëllef am El Salvador an am Burkina Faso an. Säit 2002 sëtzt sech d’ONG ‚Komm hëllef mat Préizerdaul asbl‘ am Beräich vun der Entwécklungshëllef am El Salvador an am Burkina Faso an.
D’Ziler vun der agreéierter ONG sinn direkt Hëllef fir Affer vun Naturkatastrophen oder Krich an Form vun humanitärer oder alimentärer Hëllef souwéi laangfristig Hëllef. Hei leien d’Schwéierpunkten op der Educatioun an Ausbildung, dem Bau an Ausbau vun Infrastrukturen (Haiser, Kliniken, Schoulen,…) Ënnerstëtzung vun Fraen Projeten, Landwirtschaft an Ëmwelt.
Mat Hëllef vun Fongen aus der Gemeng, der Organisatioun vun verschiddenen Manifestatiounen wéi e Brunch, Okkasiounsbichermaart, Fester a Chreschtmärt, an Don’en kounten mir schonn vill Projeten realiséieren .
Wann dir d’Aktioun ‚Komm Hëllef mat Préizerdaul asbl‘ ënnerstëtzen wëllt, dann engagéiert Iech mat eis oder iwwerweist Är Donen op eisen Kount bei der Banque Raiffeisen LU45 0090 0000 0291 8407
Fir weider Informatiounen zeck nit eis hei ze kontaktéieren oder iwwert E-mail: kommhellefmat@preizerdaul.lu
All Don ass vun den STEIEREN afsëtzbar!
Hëllefen fir kéng Hëllef méi néidig ze hunn!
Tell your friends
RECENT FACEBOOK POSTS
facebook.comE flotten Artikel deen weist dat och een kleng Land sech géint déi grouss Konzerner wieren kann. Esou mécht eisen aktuellen Projet - deen d'Leit beim Geméis an Uebst Ubau ënnerstëtzt- gläich duebel sou vill Spaass!
E groussen MERCI der Dauler Schimmelkëscht, fir hiren generéisen Don deen si fir eis ONG gemeet hunn. Des 1500€ kommen eisem Haiserprojet zu San Agustin zegutt, wou d'Famillen Ënnerstëtzung beim Haiserbau kréien souwéi Formatiounen zu verschiddenen Themen wei z.B. dem nohaltigen Ëmgang mat Dreinkwaasser an Liewensmëttel oder der Hygiène am Haus.
Een Deel vun eisen Memberen Ouschtermeindig am Daul am Asaz. E groussen Merci un all déi, déi eis ausgehollef hunn!
Eisen Bichermaart ass prett fier Iech! Kommt bis laanscht kucken!
E flotten Ouschterweekend am Préizerdaul steet virun der Dier! Sonndes an Méindes sinn mir vun 10 - 18 Auer mat eisem traditionellen Bichermaart fir Iech do. Ouschterméindeg maachen mir den ganzen Dag Eisekuchen an Paangecher, souwéi eng flott Kanneranimatioun! Mir freeën eis op Ären Besuch!
D'Lescht Woch waren e puer Memberen vun der ONG 'Komm hëllef mat Préizerdaul a.s.b.l.' an den Burkina Faso gefuer, fir den Suivi vun fréieren Projet'en ze maachen, souwéi nei Iddi'en fir Projet'en ze sammelen an driwwer ze diskutéieren.
D’ONG ‚Komm Hëllef mat Préizerdaul a.s.b.l.‘ invitéiert Iech ganz häerzlich op hieren Buffet à volonté. Sonndes, den 12. Mäerz 2017 vun 11:30h un am Centre Culturel ‚OP DER FABRIK‘ am Préizerdaul Präisser vum Buffet: Erwuesener: 25€ Kanner bis 12 Joer: 12 € Afrikanisch Musik - Trommelaktivitéit fir Kanner mam Sada ab 14 Auer De ganzen Nomëttig: Kaffistuff mat Tombola Reservatioun bei: Josée Steichen (no 18 Auer) : 23 62 05 43 oder per e-mail: monique.mousel@education.lu bis Daschdes, den 7. Mäerz 2017
Zu San Agustin am El Salvador leeft am Moment een Projet wou d'Leit beim Ubau vun Uebst an Geméis ënnerstëtzt ginn. Si ginn zu allen méiglichen Themen ronderëm den Ubau informéiert, kennen un Formatiounen deelhuelen, an ginn bei Problemer perséinlech beroden.