Top Local Places

AFORM

250, rue Waassertrap, Belvaux, Luxembourg
Gym/Physical Fitness Center

Description

ad

AFORM - Fitness Coaching Center Merci fir Ären Interesse un eisem Fitness Coaching Center. Am Süden vun eisem Land hutt Dir e grousse Choix am Fitness Beräich. Dofir wëlle mir Iech erklären wat eis ënnerscheed, a firwat Dir sollt AFORM kommen.

Zu Lëtzebuerg ass de Standard am Fitness Beräich eiser Meenung no net héich genuch. De Beruff vum “Fitnesscoach” oder “Personal Trainer” ass net protegéiert a gëtt vum Staat net offiziell unerkannt. Dat ass net nëmmen een enormen Verloscht u Qualitéit. Mee och vir de Client ass et ganz schwéier ze erkennen ob een et mat engem qualifizéierte Coach ze doen huet oder eben net.

Méi bedenklech ass awer, dass de Fitness Centeren Verkafszuelen an
Ënnerschrëften méi wichteg gi sinn ewéi d´Resultater vun hire Clienten.
D´Qualitéit vum Personal Training ass extrem niddreg, effektiv
Trainingsprogrammer si schwéier ze fannen a qualifizéierte Coaching ass ze seelen ginn.

Mir hunn AFORM lancéiert, well mir gär d´Léisung fir dës Problemer wëlle sinn. Dat ass eis Motivatioun. Mir schaffen all Dag mat der Gesondheet a mat der Fräizäit vun eise Clienten, an dat respektéiere mir. Eist Ziel ass et déi beschten Fitness Ariichtung an eiser Géigend ze sinn.

Mir hu qualifizéiert Coachen, déi genau “wëssen vu wat se schwätzen”.

Mir schaffe professionell a wëllen eis permanent weider entwéckelen.
Eis Trainingsmethoden sinn aktuell, an um neisten sportwëssenschaftlechen Stand. Mir ginn eise Clienten alles wat mir wëssen, an alles wat mir kënnen. Dat erhéicht net nëmmen d´Effektivitéit vum Training, mee och Är Chancen op Resultater.

Mir sinn eis awer och bewosst, dass et ëmmer einfach ass ze schwätzen. Sécherlech ass all Coach dovun iwwerzeegt an deem beschte Fitness Center ze schaffen.

Wat eis wierklech zum Rescht ënnerscheed, ass eisen individuellen
Coaching. Bei eis sidd Dir net nëmmen eng Nummer an eng Ënnerschrëft. Bei eis ginn et keng frais d´inscription a keng Mindest-Lafzäiten. Am Kader vun engem éischten, perséinlechen Berodungsgespréich versiche mir fir all Client déi beschten Strategie erauszefilteren an auszeschaffen.

Et ass Äert Ziel an Är Motivatioun déi de Wee virgëtt.
Konkret heescht dat zum Beispill, dass Dir flexibel iwwer d´Lafzäit vun Ärem Abonnement bestëmme kënnt. Onofhängeg vun engem Abo kënnt Dir awer och Personal Training buchen oder an eise Gruppe Coursen trainéieren. Motivéiert et Iech op e bestëmmt Ziel hin ze schaffen, da sinn eis spezifesch Programmer oder Workshopen fläit eppes vir Iech. Dir hutt d´Méiglechkeet alleng, an enger Grupp oder no engem Programm ze trainéieren.

CONTACT

RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

Nei Auerzäiten! [GROUP TRAINING] Mir versichen ëmmer rëm nei Auerzäiten unzebidden déi fir Dech kéinten interessant sinn... Dënschdeg 15:00 an Donneschdeg 10:00 stinn ab elo an eisem Planning. Block dir Deng Platz ënnert dësem Link http://coachingclub.lu/coursen/?no_cache=1 a komm AFORM! Merci fir deelen!

facebook.com

facebook.com

#excellent #fortbildung zu #bonn 💡 #thema: „fortschritte im personal training“ 1️⃣zu1️⃣ ganz vill #input krit 👉 elo mol sacke loossen, an da kucke mir wat mir bei eis wäerten ëmsetzen... 🚀 #AFORM gëtt besser! #valeo #personaltraining #education #neverstopexploring #teambuilding #progress #coaching #bonn #learnfromthebest

facebook.com

Live um RTL Radio 🎙 tëschent 10:00 an 12:00 eralauschteren...

facebook.com

Haut, Samsdeg, sinn ech tëschent 10 an 12 um RTL Radio 🎙 Falls et sech ergëtt ginn ech virdrun eng Kéier Live, hei op eiser Facebook Säit! Also... „follow“ AFORM! Oder RTL aschalten!

facebook.com

facebook.com

Hues Du och ze vill "eragefeiert" iwwert d´Feierdeeg? 🙄 Dann ass dëse Workshop genau dat richtegt fir Dech... Et sinn nach Platze fräi! Food 1x1 >>> 2018 Resultater hunn an Zieler erreechen! 🚀 Bis e Samschdeg, 10:00, AFORM!

facebook.com

facebook.com

Wéi wichteg déi richteg Ernährung am Zesummespill mat schnellen a stabille Resultater ass, dierft allgemeng bekannt sinn. An dësem Workshop verréit dir d´Vero wéi eng Roll d´Ernährung bei der Fettverbrennung a beim Muskelopbau spillt. +++ 35 € +++ +++ 2 Stonnen +++ +++ Handout mat all den Infos +++ +++ UMELDUNG +++ Du kanns Dech wéi gewinnt iwwert de Coaching Club umellen. Leit déi net bei eis am AFORM trainéiere sinn och wëllkomm! Du kanns dech hei iwwer Facebook umellen, oder per Email op office@aform.lu . Bezuelt gëtt den Dach selwer op der Platz.

facebook.com

Merci fir dëst Joer, vill flott Momenter an nach méi Traininger. Mir wënschen Dir schéi Feierdeeg an e sensationellt 2018! Däin AFORM Team

facebook.com

AFORM >>> 2018 kënnt! Wat ännert? Wat bleift? <<< Elo just ass eng wichteg Info-Mail un alleguer eis Leit eraus gaangen... Falls du d´Mail net solls krit hunn check däi Spam Folder oder so eis w.e.g. Bescheed. Komm AFORM!

facebook.com

#alwayshungry to #learn and #progress 🤨💡 #watching #completecoretraining with @michael_boyle1959 ✅ #coach #core #training #dvd #stability #exercises #startwithwhy #how #what #AFORM #fact [Pain never precedes dysfunction] #bäm 👊

facebook.com

Quiz

NEAR AFORM