SISBA - Pompjeeën Béiwen
Description
Offiziell Facebook-Säit vun de Pompjeeën Stauseegemeng, Sektioun Béiwen
SISBA - Service d'Incendie et de Sauvetage Bavigne D'Pompjeeë Stauséigemeng, Sektioun Béiwen bestinn an hirer momentaner Form säit dem Joer 2010. De Corps ass entstanen aus deenen 3 fréiere Corpse Béiwen-Mecher, Kauneref-Léifreg an Noutem.
Zesumme mat de Pompjeeskomerode vun Harel bilde mer de Service d'Incendie et de Sauvetage de la Commune du Lac de la Haute-Sûre. Zesummen se mer fräiwëlleg vir Är Sécherheet do an dat 24 Stonnen op 24, 7 Deeg an der Woch!
Der wëllt aktiv am Rettungswiese matschaffen an Äre Matmënschen en wäertvollen Déngscht bidden? Dann mellt Eech bei eis! Vir weider Informatioune stinn all eis Memberen Eech gären zur Verfügung. Schwätzt eis un oder benotzt de Kontaktformular op www.SISBA.lu.
Tell your friends
RECENT FACEBOOK POSTS
facebook.comCISLAC - CISLAC
De 07. Mee 2016 ass op der Generalversammlung zu Béiwen den Zesummeschloss vun deenen zwee Pompjeescorpsen (Harel & Sektioun Béiwen) aus der Gemeng beschloss ginn. Säit e Samschden hutt d'Stauséigemeng een eenheetleche Rettungsdéngscht, de Centre d'Incendie et de Secours de la Commune du Lac de la Haute-Sûre, kuerz CISLAC. Dier fannt eis am Internet op www.cislac.lu an op Facebook ënner der URL facebook.com/cislac.lu
RTL.lu - System war batter néideg, Aktuellen nach aus dem Joer 1993
Neien Einsatzleitsystem - System war batter néideg, Aktuellen nach aus dem Joer 1993 Am Summer soll den neien ELS, deen um Dënschdeg virgestallt gouf, operationell sinn. http://www.rtl.lu/letzebuerg/888873.html
Opfrëschungscours Éischt-Hëllef
http://sisba.lu/newssisbalu/51-opfreschungscours-eischt-hellef
Traffik gestéiert duerch ëmgefalle Beem
Update 16.01.2016 - 18:00 Auer http://sisba.lu/newssisbalu/50-traffik-gesteiert-duerch-emgefalle-beem
RTL.lu - Neie Kommunikatiounsreseau fir Sécherheet- a Rettungswiesen
http://www.rtl.lu/letzebuerg/750898.html