Top Local Places

Jugendtreff Norden

24, rue de la Gare, Troisvierges, Luxembourg
Social Club

Description

ad

Jugendtreff Norden-Maison de jeunes-SICLER-Jeunesse-Projets-Proufsall-Médias-Jugendinfolabel Den Jugendtreff Norden sinn 3 oppen Strukturen, wou Jonker tëschent 12 an 26 Joer hi goen kënnen, fir hier Fräizäit ze verbréngen mee awer och ze gestalten.
Op der Platz kënnen si dann vun stationären Angeboter wéi zum Beispill Kicker, Billard, Darts, Zeitungen an enger Tëlee profitéieren. D’Jugendhaus bitt och regelméisseg
Aktivitéiten am an ausser Haus un. Dës sinn an der Regel gréisser
Aktivitéiten, déi haaptsächlech am Beräich vun der
Animatioun leien. Dozou gehéieren ënnert anerem Sport-
aktivitéiten, Karting, Kachen an Brachen an villes méi.
Nierwt den Aktivitéiten „for Fun“ ginn awer och kulturell,  musikalesch an kreativ Angeboter formuléiert.  Niewent dësen 2 Voleten vun der Rencontre an der Animatioun
zielen dann awer och d’Informatioun an d’Präventioun zu den Missiounen vun engem Jugendhaus.
D’Jugendhaus organiséiert an dësem Sënn Aktivitéiten déi als Ziel hunn, den Jonken z´informéieren, säin Wëssen an seng Kompetenzen ze stäerken an weider ze entwéckelen an och den Jonken ze forméieren.
Jugendinformatioun ass en wichtegen Pilier an der Aarbecht mat de Jonken.

Entdeck och eis Projeten 2017, dei eng motivéiert an cool Equipe, och mat dir, realiséieren well!


Komm lanscht, mir freen eis:)

All Detailler op :
www.jsic.lu

#Fotoschoul
#Jugendbus7
#JugendtreffNorden
#Jugendinfo
#Proufsall
#RJRSICLER


RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

📍 D'Aktivitéiten vun dëser Woch 📍 Dënsdeg, den 21. November: Kachaktivitéit mam Corinne 🍽 Freideg, den 24. November: Filmowend zu Clierf am Jugendhaus 🎬📺 Samsdeg, den 25. November: Kick-Off vum Newcomer-Projet zu Ettelbreck 👍✌ All weider Info'en zu den Aktivitéiten an dengem Jugendhaus oder iwwer PN ✌ Eng schéin Woch gewënscht 😉

facebook.com

facebook.com

🕦 Denkt drun, muer sinn d'Jugendhaiser schonn um 11:30 Auer op 🕦 Wéi déi lescht Wochen och, kachen mir zesummen 👍 Um Menu steet Grillwurscht mat Reis a roudem Kabes 😉 Participatioun wéi ëmmer 2€ Mir gesinn äis muer 😍

facebook.com

👉Jonker tëschent 12 a 26 Joer 👉Team vun 2 bis max 4 Persounen 👉Präiss pro Kart ass 90€ 👏(dovun iwerhëllt Jugendhaus 30€) 👉Maximal 20 Ekippen 🚘Qualificatioun = 20 min (all Teammember min 5 T. fueren) 🚘Race = 60 min ☝️Umedlung am Jugendtreff Norden ☝️Umeldung = bezuelen vun 60€ (Numm a Virnumm +Teamnumm)

facebook.com

facebook.com

Sensibiliséierungswoch zum Thema Nationalsozialismus An de leschte Méint huet sech bei äis an de Jugendhaiser erausgestallt, dat d'Thema Nationalsozialismus déi Jonk ganz vill beschäftegt, sie a villen Beräicher awer net richteg, respectiv guer net informéiert sinn. Fir deem entgéint ze wierken organiséiert de Jugendtreff Norden eng Sensibiliséierungswoch zu Clierf am Jugendhaus. All wichteg Informatiounen dozou fënns du op dësem Flyer awer och an de nächsten Deeg hei op eiser Facebooksäit. Wichteg: Wann dech d'Visite vun der Gedenkstätte KZ Osthofen interesséiert muss du dech sou séier wéi méiglech umellen. D'Equipe aus dem Jugendtreff wënscht eng schéin Woch :)

facebook.com

Den 9. an 10. November ass erëm Foire de l'Etudiant an der Luxexpo The Box 😊

facebook.com

👀 Hey people 👀 Wat erwaart iech dës Woch am Jugendtreff??? 💥Muer ass Kachaktivitéit mam Corinne 😊 👉Um Menu steet Lasagne 🍲 👉Lass geet et direkt no der Schoul🕛 👉Participatioun: 2€ 💥 Ee Freideg maachen mir erëm eng Aktivitéit just fir eis Mädels♀ Hei schaffen mir un eisem Scrapbook weider 📖👍 💥 Ee Samsdeg ass d'Jugendhaus dann erëm iwwert d'Mëttesstonn op. Och hei kachen mir zesummen. Dës Kéier probéieren mir Risotto mat Scampi'en 🍲. Participatioun 2€ D'Corinne, den Daniel, de Guy an d'Nathalie wënschen iech eng schéin Woch 😊

facebook.com

📸 Puer Andréck vun eisem Light Painting 📸😊

facebook.com

🍂🕸 Allerhellgenvakanz 🕸🍂 Programm vun dëser Woch 🎃📸🎬🍿 Dënschdeg: Halloween "Be Creative" Mëttwoch: Feierdag -> d'Jugendhaus ass zou! Donneschdeg: Light Painting Freideg: Light Painting Samschdeg: Bowling a Kino ⚠Denk drun et ass Vakanz an dann ass d'Jugendhaus ëmmer vun 14:00 bis 19:00 Auer op, mat Ausnahm vun den Aktivitéiten ⚠ All weider Info'en zu den Aktivitéiten kris du an dengem Jugendhaus oder iwwer PN 😉 D'Equipe aus dem Jugendtreff wënscht dir eng schéin Vakanz 😊

facebook.com

🍁🎃 Hierscht- an Halloween-Feeling am Jugendtreff Norden 🎃🍁 Passend zur Joereszäit an Halloween maachen mir ee Samsdeg Chili con Kürbis a Gruselmuffins 🙈👻 Treffpunkt um 11:30 Auer zu Ëlwen an 11:45 Auer zu Clierf; dann zesummen akafen, kachen an iessen 😊 Nom Iessen bidden mir 2 Aktivitéiten un: ➡ Besuch vum Hierschtmaart vun der Maison Relais vun Wëlwerwolz 🍂🍃🍁 ➡ Scrapbooking 🎞📒 D'Participatioun fir d'Iessen ass wéi ëmmer 2€ 😉 Umelden kënnt dir eech bis ee Samsdeg 10:00 Auer 😊 Bis dohin eng schéin Woch gewënscht 😉 👽👻👾D'Equipe aus dem Jugendtreff 👾👻👽

facebook.com

😍Babysitterformatioun zu Clierf am Jugendhaus 😍

facebook.com

Quiz