Top Local Places

Bio-Haff Baltes

Um Suewel, Stegen, Luxembourg
Farm

Description

ad

Säit 2007 produzéieren mir biologeschen Geessekéis an eiser eegener Keiserei zu Steeën an hunn nach eng Rei weider Attraktiounen. Op jonk oder Aal, Geessen- oder Päerds-Frënn, bei eis gëtt et fir jiddereen eppes ze entdecken.  Säit 2007 produzéieren mir biologeschen Geessekéis an eiser eegener Keiserei zu Steeën an hunn nach eng Rei weider Attraktiounen. Op jonk oder Aal, Geessen- oder Päerds-Frënn, bei eis gëtt et fir jiddereen eppes ze entdecken. Kuckt bei eis eran op biobaltes.lu, schreift eis eng E-mail oder eng Noriicht hei op Facebook. Mir freeën eis!

RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

Um letzten Oktober- Weekend, war eisen zweeten Cours mam Frank Heim (Islandpferdegestüt Vorsenzhof). Och des Kéier huet eis den Frank mat senger flotter Aart an sengem Usproch all Päerd- Reider Kombinatioun an hirer Entwécklung weiderzebréngen, enorm beandrockt. Mir freeën eis schonn op weider Coursen am nächsten Joer! 🐎:D

facebook.com

August 2017: D'Lena huet no engem ustrengendem Stage vun 8 Deeg d'IPZV- Reitabzeichen a Bronze um Vorsenzhof mat richteg gudden Nouten bestanen. Mir si stolz op hat. 🐎🍾

facebook.com

Islandpäerd vum Aerenzdall on tour! Ufank August waren mir op der WC Icelandic Horses 2017 - Oirschot NL. Op der Weltmeeschterschaft vun den Islandpäerd haten mir vill Spaass an konnten vill talentéiert Reider-Päerd Koppelen erliewen. :D 🐴

facebook.com

Nach haut hutt dir d'Chance op Miedernach op den Weekend Lëtzebuerger Produkter zu Miedernach ze kommen. Kommt bis laanscht an probéiert eisen Kéis. Mr freeën eis! :) 🧀

facebook.com

Den 02. an 03. September as erëm den Weekend Lëtzebuerger Produkter zu Miedernach . Natierlech sinn mir och dëst Joer erëm dobäi, also kommt bis laascht an schmaacht wat Lëtzebuerg an virun allem Steeën ze bidden huet! 😉🐐

facebook.com

Absolut gelongenen Gangtraining mam Frank Heim! Am Juli huet den IPZV- Trainer vum Islandpferdegestüt Vorsenzhof en Gangtraining bei eis gehalen. Den usprochsvollen Cours huet jidderengem vill Freed bereet! Mir soen dem Frank Merci, an freeën eis op den nächsten mat him am Oktober! 🐴

facebook.com

Nom Summercamp as virun der Daagesfréizäit! Direkt e puer Deeg nom Summercamp konnten mir 8 nei Kanner fir d'Daagesfréizäit 2017 begréissen. Hei goufen individuell Aktivitéite mam Islandpäerd ugebueden. 🐴🇮🇸 "Et war spannend, deels ustrengend mee immens flott" -Participante vun der Daagesfréizäit

facebook.com

D'Summercamp 2017 war een vollen Erfolleg! Während enger Woch konnten 7 Kanner am Alter vum 9-14 Joer 100% Islandpäerd erliewen. Mir freeën eis schon op d'nächst Joer. 🐴😃

facebook.com

Virun geraumer Zäit huet den Norbert Stelzer vum Mühlental Island Pferde Gestüt en Allgemengen Reidcours bei eis gehale. Déi aacht Participante haten vill Freed an konnten vill léieren. Mir soen dem Norbert nach eng kéier ee groussen Merci. 🐴

facebook.com

Um Weekend vum 29.07 souwéi engem Weekend am Hierscht kennt den Frank Heim vum Islandpferdegestüt Vorsenzhof bei eis fir en Gangtraining. Bei Interesse un engem vun den Coursen & fir all weider Infoe mellt Iech iwwer: mimidan@pt.lu 🐴

facebook.com

Oiko-Consulting trefft biobaltes. Op der Foire Agricole Ettelbruck as ënner anerem, des flott Opnam entstanen. En groussen Merci geet dofir un d'Equipe vun oiko.lu fir déi gelongen Fotoen. Wat sot dir? As d'Bild gelonge? ;) 🧀

facebook.com

Den 13.07.2017 gëtt am Naturata Bio Marché- Restaurant zu Mënsbesch Wäin vun verschiddene Produzenten presentéiert. Nach sinn e puer Platzen frei also mellt iech un ënner event@naturata.lu. Een gutt Stéckchen Kéis vun eis gëtt och beim Wäin zerveiert. 🧀🍾

facebook.com

Quiz