Top Local Places

Crèche bei den Deckelsmouken

189, rue Pierre Gansen, Niederkorn, Luxembourg
Business services

Description

ad

-   Adresse: 189 rue Pierre Gansen L-4570 Niederkorn
-   Tel: 26582835
-   Fax: 26582836
-   GSM: 621210512
-   Mail: deckelsmouken@gmail.com
Information: 1. Letzebuergesch / 2. Deitsch / 3. Français


1. LETZEBUERGESCH


- Kanner tëscht 2 Méint an 4 Joer
- Kanner si mat kloeren Strukturen, déi den Alldag regelen, ëmginn. Den Dagesoflaf ass genee festgeluecht, ass den Kanner ugepasst, an soumat wärt sech all Kind an der Crèche secher an gebuergen fillen. An eischter Stell steet bei eis den Moto: Kanner an Elteren fillen sech wuel.
- Mär bidden verschidden Betreiungszäiten un:
                •   Ganzdagsplaz (100%)
                •   Hallefdagsplaz (50%)
                 •   Hallefdagsplaz mat Mëttegiessen (60%)
- Mär huelen och “Chèque Service” Kaart, soumat ännert den Bäitrag vun Famill zu Famill.
- Ëffnungszäiten sinn: 7h-19h
- Crèche ass ganzt Joer op, ausser am Weekend an fir déi gesetzlech Feierdeeg.
- Mär iessen all zesummen, Kanner mat den Erzéier. Moies geet et Brout, Bréidercher oder ähnleches verschidden Beluecht, Müsli, oder Cornflakes, Mëllech an Waasser

- Mëttegiessen gëtt vun engem Liwwerservice geliwwert deen dëst stets frësch preparéiert an laanscht bréngt.
- Am Nomëtteg kréien d'Kanner ëmmer Uebst ugebueden.
- U Gedrénks ass ëmmer Waasser fir d'Kanner do.
- An eisem Team vun geschultem Personal ergänzen mer eis géigesäiteg duerch eis verschidden Perséinlechkeeten an Erfahrungen.
- Ganz wichteg ass fir eis och den Aussenberäich vun eiser Crèche, deen als eegen Spillplaz genotzt gëtt, dëst mat verschidden Spiller an Vëlo, Bobby-Car asw.
- Kanner ginn regelméisseg eraus spadséieren dëst an den ugrenzenden Bësch den “Haneboesch”
- Déi éischt Joeren sinn vun grousser Bedeitung fir d'Entwécklung vun den Kanner. An dëser Zäit entstinn Basiskompetenzen, souwéi sozial Kompetenzen, sproochlech Kompetenzen, Kreativitéit an Musikalitéit, déi Kand engersäits huet, an anersäits och gefördert ginn mussen. Hei ginn Grondlagen fir en liewenslaangt Leieren in der fréikandlecher Bildung geluecht.
- Sozial Astellung, Léierbereetschaft an Entwécklung vun der gesamten Perséinlechkeet hänken vun den éischten Erfahrungen vum Kand of. Eis Crèche bitt soumat eng wesentlech Ergänzung zur Familljenerzéihung.
- Kanner hunn d'Méiglechkeet mat aneren Kanner zesummen den Alldag zu verbréngen. Eng Altersspann vun bis zu bal véier Joer, woubäi si jo gréisstendeels an zwou Gruppen agedeelt sinn, bréngt ganz verschidden Entwécklungsstadien mat sech, vun deenen all Kand profitéieren kann. Mat Verständnis an Respekt ginn déi Perséinlechkeeten, déi di eis uvertrauten Kanner hunn , gefuerdert an et gëtt op si opgepasst . Déi individuell Interessen, déi perséinlech Stäerkten, Selbstvertrauen an Eegekreativitéit ginn mat geegenten Moossnamen weiderentwéckelt.

CONTACT

Quiz