Top Local Places

CMCM

49, rue de Strasbourg, Luxembourg, Luxembourg
Non-profit organization

Description

ad

Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste
La solidarité et l'aide mutuelle pour toute la famille.
Solidarität und gegenseitige Hilfe für die ganze Familie.

RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

Timeline Photos

Mir sinn haut ganz houfreg fir Iech kenne matzedeelen dass mir den 10. August 2016 offiziell ee Partenariat mat der FLF fir d’Saison'en 2016/17 - 2018/19 ennerschriwwen hunn. Sou wéi der iwwert déi lescht Méint scho gesinn hutt, hunn mer eisen Numm an de Logo souwéi och eise ganzen Optrëtt no bausse geännert. Am Kader vun enger gutt duerchduechter Strategie, dei esouwuel eisen Image wéi eist Optrieden an de Medie betrefft, hunn mer verschidde Mesuren ergraff fir d’Visibilitéit vun der CMCM ze verbesseren an eis erëm méi no un d’Leit ze bréngen. No deene Joren ouni grouss Campagnen oder Präsenz an de Medien, ass et elo wichteg dat ze maachen. Mir wëlle betounen, dass mir am Kader vun eiser gesamter Strategie, hei eng Entscheedung geholl hunn, déi ganz an eisem Konzept vun der Weiderentwécklung steet. Dobäi reagéiere mir ganz bewosst op Aktiounen vu private Konkurrenten déi jonk Leit uschwätze fir si mat hiren Argumenter ze iwwerzeegen bei hinnen Member ze ginn. Deem konnte mer net nokucken ouni selwer aktiv ze ginn. Wann mir déi jonk Leit aus eisem Mutualitéits-System weider an deem Mooss verluer hätten, wiere Cotisatiounserhéigungen oder manner Prestatiounen déi logesch Folleg gewiescht. Duerch eise Partenariat mat der FLF kenne mir ganz bewosst mei aktiv a gezielt un déi méi jonk Léit eruntrieden an si mam Mutualitéitsgedanke vertraut maachen. Dëse Gedanken ass a bléift och haut nach de Grondprinzip hannert der CMCM a mir maachen alles fir dass dëst och weider esou bestoe kann --> fir stabill Cotisatiounen an heigwerteg Prestatiounen. Mir schaffen aktuell och un der Weiderentwecklung vun eisen Prestatiounen fir d'Joër 2017. Mir wäerten och an Zukunft weiderhin all eis Beméiungen, ganz am Sënn vun eise Memberen an dem Mutualitéitsgedanke maachen.

Timeline Photos
facebook.com

CMCM - Rapatriement vacances

Wéi versprach stelle mir Iech hei eisen neie Kino Spot zum Thema Assistance/Rapatriement fir. Wann Iech, ärem/ärer Conjoint(e) oder äre Kanner am Ausland eppes geschitt (Accident/Krankheet), braucht Dir Iech mat CMCM-Assistance (inclus an eisem Basis Régime) keng Suergen em de Rapatriement ze maachen. Wann medezinesch verschriwwen organiséiert d'CMCM d'Réckféierung an iwwerhëlt all Käschten.

facebook.com

Photos from CMCM's post

Den 1. offiziellen "Dingschtwon" vun der CMCM fir eis kommerziell Déplacementer ass elo grad ukomm. Leider huet et gereent a mir dierfen en ereischt no 1 Woch dei eischten Kéier wäschen. Mais hei emol schons een eischten Aperçu. (D'Nummereschëld ass iwwregens den Grënnungsdatum vun der CMCM 15.4.1956!!! --> 56145).

Photos from CMCM's post
facebook.com

Geschichten, die das Leben schreibt. Haut "Et kann een engem et net recht machen". Mir kruten iwwer Facebook eng PN geschéckt. Eng Persoun déi eng Kiné-Rechnung erageschéckt huet an vun eis ee Bréif zereck krut an deem no weideren Ennerlagen gefroot gouf. Obschons mir ugebueden hun, unzeruffen, gouf daat net ugeholl an drop bestaanen mir missten daat via PN klären. --> keng Chance: mir sin do blockéiert gin a kennen där Persoun elo leider net mei via PN weiderhellefen. Mir wëllen awer dësen Fall notzen, fir nach eng Kéier op d'Thema selwer zereck ze kommen: Wann Dir eis eng Kiné-Rechnung eraschéckt, aus där net kloër erfir geet, datt Dir eng Operatioun gemeet kruut an d'Behandlung beim Kiné am Zesummenhang mat der OP ass, dann kënnen mir geméiss eisen Statuten näischt rembourséieren. Den Kiné gët bei eis nëmmen am Zesummenhang mat enger OP rembourséiert. Am gläichen Zesummenhang wëllen mer och nach eng Kéier erënneren, datt d'Rechnungen vun Dokteren, déi der eis schéckt, emmer sollten begleet sin vun der Ofrechnung vun der CNS oder soss ärer gesetzlecher Kranken- /Gesondheetskees. Esou vermeiden mir, dat mir iech mussen via Courrier déi Dokumenter froën an ären Remboursement geet och méi séier. Voilà: mir konnten leider dëser enger Persoun haut net gerecht gin, mais mir hoffen heimatt der Allgemengheet, dei eis hei liest, nëtzlech Informatiounen gin ze hun.

facebook.com

CMCM - Couverture pour toute la famille

Wéi versprach stellen mir Iech hei eisen neien Kinospot en Avant-Première zum Thema "Couverture fir déi ganz Famill" fir. Als Member vun der CMCM sidd nämlech net nëmmen Dir selwer mee och är ganz Famill mat couvréiert. https://www.youtube.com/watch?v=r1yDOxHdKPI

facebook.com

Photos from CMCM's post

Eise Generaldirekter Fabio Secci huet den Samschden um Télévie-Dag eisen Chèque vun 10'000.- am Studio vun RTL iwwerreecht. Ee groussen Merci nach eng Kéier un all, déi am Kino gespent hunn an zu dëser Spent bäigedroen hunn. Déi 4 Stonnen virun der Chèque-Iwwerreechung huet den Fabio um Telefon am Studio gehollef Spenden entgéint ze huelen. D'Generositéit ass ee vun den Grondprinzipien vun der Mutualitéit: ee fir deen aneren do sinn. Daat ass och eisen Leitmotiv: Mir sinn do wann Dir eis braucht. Merci fir d'Fotoën @ René Scho 👍🏻

Photos from CMCM's post
facebook.com

Timeline Photos

Op der Ouverture vun der Fréijoersfoire 2016 hunn LL.AA.RR. de Grand-Duc Henri a seng Fra d'Grande-Duchesse Maria-Theresa eis déi immens Éier erwisen eisen neien Stand ze besichen (Hall 9A01). De Monseigneur an d'Madame hunn Sech vun eisem Generaldirekter Fabio Secci d'Neiegkeeten erklären gelooss. Mir soë Merci fir de Besuch 😀

Timeline Photos
facebook.com

CMCM Télévie Movie Night 12.04.16

CMCM Télévie Movie Night 12.04.16
facebook.com

Leif all: Villmols Merci datt Dir geschter Owend awer nach zu esou vill an de Kino komm sidd (ronn 250, ugemellt waren der 404), obschons Futball gespillt gouf :-) . Ech wollt iech awer och nach d'Resultat matdeelen: Mir kruten € 3'018,50, $ 2.- an £ 10 u Spenden am Total. Do war och ee Chèque-Repas vun € 8,4 dobäi deen ech elo verfrupsen gin nodeems ech den entspriechenden Betrag natierlech duerch Cash ersaat hun. Deen héchsten Don waren € 150.- (vill vill villmols Merci dem Spender!!!) an deen kléngsten Don waren € 2.- (och Merci). Mir hu KENG eidel Enveloppe an der Këscht gehat (waat eis freet). Wei versprach ronnen mir vun der CMCM den Don op € 10'000.- (zing Dausend) op. Mir wärten dësen Event secher beibehalen a nach verbesseren. Bis déi nächste Keier a Merci vir d'Matmachen.

facebook.com

ladies of soul

Een Event deen een net verpassen sollt. 👍🏻

ladies of soul
facebook.com

RTL.lu - CMCM - Do wann Dir eis braucht

D'lëscht Woch war d'CMCM am RTL "Wousst der schonn". Dir kennt déi 4 Beiträg hei lauschteren a méi dozou gewuer gi, firwat et sech lount Member vun der CMCM ze gi: - keen Dossier médical - jidderee ka Member gi - déi ganz Famill ass mat couvréiert - mam Régime Commun huet een automatesch och eng Couverture am Ausland mat bis zu 80.000 € pro Persoun a pro Incident (+ Rapatriement) - extra Virdeeler fir Entreprise an hier Mararbechter - an nach vill weider Avantage... Lauschtert hei eran: http://radio.rtl.lu/aktiounen/wousst-der-schonn/881280.html

facebook.com

RTL.lu - CMCM - Do wann Dir eis braucht

Bei der CMCM ass mat enger Memberschaft déi ganz Famill mat couvréiert. Eisen Direkter, de Fabio Secci, erklärt alles heizou am RTL Wousst der schonn vun dëser Woch. Lauschtert hei bis eran: http://radio.rtl.lu/aktiounen/wousst-der-schonn/881280.html

facebook.com

Quiz

NEAR CMCM