Top Local Places

Sica

28, Zone Industrielle, Kehlen, Luxembourg
Local Business

Description

ad

Fondé en 1958, le Sica se compose d'un parc de recyclage et organise des collectes porte-à-porte sélectives dans 8 communes membres.


RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

De SICA ënnerstëtzt d'Asbl Pimpampel. Vum 24. Juli bis den 19. Ausgust sammele mir am Pavillon vum Recycling-Center zu Kielen Spillsaachen fir d'Vereenegung "Pimpampel" z'ënnerstëtzen. Gebraucht ginn Gesellschaftspiller, Pëzzelen, Spillautoën (grouss a kleng), Poppen, Poussetten, Spillsaachen aus Plastik fir Puppelcher a Kanner. D'Saachen sollen an engem gudden Zoustand a méijlechst propper sinn. Ee Student hëllt d'Saachen während deene 4 Aktiounswochen entgéint. D'Asbl Pimpampel ass eng Equip vu Fraiwëllegen di an der Kannerklinik vum CHL den Alldag vun de klengen Patienten probéieren ze verschéineren. De SICA seet elo schon ee grousse MERCI fir all Ënnerstëtzung!

facebook.com

Wat maachen ech mat alem Frittefett? De SICA wëll heimadder séng Matbierger drun errënneren, dass aalt Frittefett naischt an der Kanalisatioun oder am groë Kiwwel verluer huet. Am Recycling-Center zu Kielen kritt all Matbierger 5-Liter-Eemeren fir d'Frittéierfett z'entsuergen. Gefëllten Eemeren gëtt ee gratis am Recycling-Center zu Kielen af. Fir d'Verainer hu mer di pratesch 25-Liter-Eemeren. Valoriséiert gëtt daat aalt Frittefett iwwert d'Superdreckskëscht. Wann Dir Froën dozou hutt, dann zéckt nit a mellt iech bei eisem Personal. Mir beroden an hëllefen iech gäeren😀!

facebook.com

De SICA sicht ee Redakter (m/w) am Statut vum Gemengebeamten. Kandiaturen gi bis de 24. Juli ugeholl. Weider Detailer an der Annonce...

facebook.com

De Me Baulisch an RTL hun nach nit matkritt, dass elo well zanter 20 Joer an de SICA-Gemengen streng nom Prinzip vum Pollueur-Payeur taxéiert gëtt. D'Resulat dervun ass, dass an den 8 Gemengen zanterhier den Taux de Recyclage méi wéi 50 % ass, an de Reschtoffall, deen um SIDOR muss verbrannt ginn, halbéiert konnt ginn.

facebook.com

Am Kader vum SICA séngem Aktiounsplang, fir de Reschtoffall, deen an der Verbrennungsanlag zu Leidléng verbrannt get, weider ze reduzéieren, kréien dëser Deeg all Awunner aus de SICA-Gemengen ee weideren Dépliant an d'Bréifkëscht, mat als Sujet:Pabeier a Kartrong. Alleng aus de SICA-Gemengen gin pro Joer nach ëmmer ronn 500 Tonnen Pabeieroffäll zesummen mam Hausmüll verbrannt. Pabeier ka problemlos bis zu 7 mol recycléiert gin. Duerch Baimëschen vun neien Holzfaseren ensteet een héichwaertegen Recyclingpabeier. Dodernieft spuert een Geld bei der richteger Offalltrennung. Den Dépliant kann awer och op eisem Internetsite opgeruf gin: http://www.sica.lu/fr-FR/d%C3%A9pliant%20vieux%20papier_par%20face.pdf?FileID=publications%2fd%C3%A9pliant+vieux+papier_par+face.pdf

facebook.com

Haut war de SICA op Besuch an de Vogesen bei der Firma Norske Skog Golbey, déi op dem Recyclage vum Pabeier spezialiséiert ass. 500.000 Tonnen ale Pabeier gin do all Joers zu neiem Pabeier verschafft. De Roberto huet impressionnant Biller opgeholl fir den nexte SICA-Film.

facebook.com

Abfallwirtschaftsbilanz 2016 für die Gemeinden Bartringen, Garnich, Kehlen, Koerich, Kopstal, Mamer, Simmern und Steinfort

facebook.com

Am Kader vum SICA séngem Aktiounsplang, fir de Reschtmüll ze reduzéieren, handelt een éichten Kuerzfilm iwwert d'Organik. Organesch Offäll sin ze wertvoll fir iwwert de groë Kiwwel um SIDOR verbrennen ze loossen. Doriwwer eraus spuert Dir Geld, wann der bei der Offalltrennung matmaacht. A mir suergen derfir, dass aus den organeschen Offäll ee Qualitéitskompost entsteet, deen allen Awunner aus den 8 SICA-Gemengen GRATIS am Recyclingcenter zu Kielen (kleng Quantitéiten) oder op der Kompostanlag zu Mamer (Unhänger) ugebuede get. Mee kukt selwer.... (Merci dem Marc Maas an dem Jeff Hilbert, di am Film matgewierkt hun)

facebook.com

Pünktlech fir den Ufank vun der neier Gaardesaison bidd de SICA de Matbierger aus séngen 8 Membergemengen erem Kompost un. Kleng Quantitéiten kritt een zu Kielen am Recyclingcenter, Denkt drun äer Eemeren oder Tuten fir ze fëllen, matzebréngen. Grouss Quantitéiten (Unhänger) kritt een zu Mamer op der Kompostanlag. De Kompost ass gratis fir d'Awunner aus den 8 Membergemengen (Bartréng, Garnech, Kielen, Käerch, Koplescht, Mamer, Simmer a Stengefort). Fir weider Infoën: Tel. 30 78 38 1 oder Mail op info@sica.lu

facebook.com

Am Kader vum alljähregen Betriebsiessen goufe gëschter e puer Mataarbechter mat engem flotte Cadeau geéiert: Benno Janse: Pensioun vum 1. Januar 2017 un Aloyse Paulus: 16 Joer an 8 Méint Komitee a Bureau Joël Adam: 20 Joer SICA

facebook.com

http://valorlux.lu/fr/sica-optimise-transports-grace-compactage-de-emballages/

facebook.com

facebook.com

Quiz

NEAR Sica