Top Local Places

Gudde Kascht

Henerecht 20, Haller, Luxembourg
Restaurant

Description

ad

Gudde Kascht - Frësch op den Dësch Ab dem Mäerz hutt dir d'Geleegenheet Iech donneschtes owes, freides owes, samstes mëttes an och owes, souwéi sonndes mëttes bei eis, an engem gemittleche Kader an enger flotter Ambiance verwinnen ze loossen.

Bei eis am Restaurant leeë mir besonneg Wert ob d'Verschaffe vu  Produiten aus dem Mëllerdall a soss aus dem  Ländchen.

Mir proposéiren Iech awer net nëmmen eis Kaart, nieft eise Menüen vun 3 oder 5 Gäng kënnt Dir Iech hei Äre perséinleche Menu zesummestelle loossen.
Donieft bidde mir Iech och Themeweekender, Catering, Showcooking a Kachcouren un.

Vum Fréijoer un, kann een och gäre bei sonnegem Wierder vun eiser Terrasse profitéiren.

Wann Dir lo virwëtzeg gi sidd, da kommt eis op Haler besichen.

Mir freeën  eis op Iech.

CONTACT

RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

Den allerwichtegsten, romantëschsten Dag ass Vältesdag. En kënnt ëmmer méi no. Fir mat Aerer Léift ee schéin Owend ze verbrengen huet de Chef een Menü zesummengesaat mat lauter Leckereien. Mir freeën eis Iech kennen op desen schéinen Owend ze empfänken! Hei online reservéiren : http://gudde-kascht.lu/index.php/de-lu/reservation-en-ligne-lu

facebook.com

An nach ee puer Kreatiounen vun eiser neier Kaart

facebook.com

Neit Joer, nei Kraaft, neit Kaart! Héi eise 5-Gang Menü

facebook.com

facebook.com

Nach 5 Wochen bis Chrëschtdeeg dann ass et souweit fir rem D' Aa souwéi och den Mo ze verwinnen, huet de Chef emrëm seng Kreativitéit spille gelooss an een super Menü zesummen gesaat! Wanterlëch Wëldkniddel, verschidden Kreatiounen vun Fësch an Fleesch getoppt mat engem Chrëstdaagsdraam als Dessert. Natierlëch sinn dei richtëg Wäiner och prett fir den ganzen Menü wonnerbar ze begleeden! Een Dag fir déi Leit, déi sech och nach gär laang no de Feierdeeg d`Fangere wëlle lecken! Dir sidd herzlech Wëlkomm! Reservatiounen online www.gudde-kascht.lu oder +352 83 67 48

facebook.com

Allerhellgen ass gleich virun der Dier , fir den Dag méi festlëch ze maachen, hu mir ee ganz schéine Menü zesummen gestalt! Mullen, Wëld a Rand souwéi Wanterlëche Zitrusfriichten maachen des Feierdeeg zu engem schéine Fest! Dir sidd häerzlech Wëlkomm ! Reservatiounen : info@guddekascht.com oder 83 67 48 oder online reservatioun: www.guddekascht.lu

facebook.com

Et war ee flotten Owend! Merci nach eng Kéier dem Ronny Österreicher deen derbäi war an d`Wäiner servéiert souwéi och erklärt huet. Vum Wëld als Highlight bis zum Hierscht-Dessert einfach ee Genoss!! Mir plangen schon déi nächst Soirée!

facebook.com

Endlech ass et souwait! Muer den 19ten Oktober hun mir eis 3. Editioun vun Bernard- Massard Soirée! An der Kichen leeft alles mat vollgas bei den Preparatiounen an och de Wäin ass schon temperéiert. Och dëst Kéier kënnt den Ronny Österreicher vun B-M Wäiner serveieren an erklären. Mellt Iech un um 83 67 48 oder E-mail guddekascht@gmail.com Mir freen ons ob Iech

facebook.com

Et ass rem sou wäit- bis Allerhellgen an Allerséilen sinn et just e puer Wochen! Duerch Feierdeeg sinn mir de Mëttwoch sou wéi och den Donneschde Mëtten op an Dir sidd häerzlech wëlkomm béi eis de schéinen Feierdags-Menü ze schmaachen!

facebook.com

Eise 3. Editioun vun Bernard- Massard Wäiner! Eng kleng Schlabauz (Morgon, Côte du Py, Dominique Piron 2015) --- Wëldcarpaccio vum Réi mat senger Terrine (Château Revelette, Coteaux D`Aix en Provence 2015) --- Wëldzopp mat Champignonen (Borgo Scopeto, Chianti classico 2014) --- Raviolie mat Fasan (Campredon par Alain Chabanon, Languedoc 2015) --- Erfrëschende Sorbet (Pic Saint Loup, Domaine Clavel, Languedoc 2014) --- Hirsch mat Kanéil an Schokela (Jas D`Esclans cru classe, Coup de Foudres , Côtes de Provence 2012) --- Avant Dessert --- Hierschtspadséiergank (Porto Tawny Warrior, Spécial Réserve) Präiss mam Wäin 98.00.

facebook.com

facebook.com

Hei na puer Andreck vun eiser néier Kaart prett fir ze schmaachen! mat klengen Detailer, Kombinatiounen vun verschidden Strukturen a Gouen! Dir sidd häerzlech wilkomm! Mir freen eis op Iech!

facebook.com

Quiz

NEAR Gudde Kascht