Top Local Places

Centre d'Incendie et de Secours Hobscheid

1C, rue de la Gare, Eischen, Luxembourg
Fire Station

Description

ad

D'Fräiwëlleg Pompjeeën CIS Hobscheid hun den Moment 32 aktif Pompjeeën, an 17  Jugendpompjeeën. D'Asatzmoyenne lait em 125/Joër.

CONTACT

RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

En Samsden 21.10 ass erem Oktoberfest zu Habscht, mir hun och dest Joer erem eng Navette organiseiert dei vum Parking beim Fussball Terrain an der rue de Koerich eroof fiert. Den Parking ass gezechent an dir braucht ierch just dohin ze stellen an do ze warden bis Navette kënnt. Vir eroof an Duerf ob Oktoberfest fiert eng Navette vun 18h55 un bis 23h00 Vir zereck bei den Parking erop steet Navette dann bei der Entrée an fiert bis 3h15 lescht Fahrt.

facebook.com

Zesumme mat dem Centre d'Incendie et de Secours Steinfort an de Kollege vum CIS Simmern, gouf haut eng Initiatioun Sauvetage Lourd ofgehalen. Memberen kruten den Container virgestallt mat deem ganze Material wat do zur Verfügung steet an och goufen an jeeweils 2 Ateliere verschidde Stécker Geschir zum Asaz bruecht. Dëse Container kënnt bei gréisseren Asätz zum Gebrauch, wou z.B. no engem Accident Maueren musse gestäipt ginn, schwéier Laaschten musse geséchert ginn, etc.... Ee grousse Merci un Instrukteren déi eis déi Initiatioun gehalen.

facebook.com

Formatioun Sauvetage Lourd Memberen vum CISH ginn zesummen mat de Kollegen vun Simmer an demCentre d'Incendie et de Secours Steinfort, an den Sauvetage Lourd agewissen. Weider Infoen kommen an enger Billerstreck no.

facebook.com

- VU1 - Um Freiden Moien, géint 8 Auer ass den CISH ob een Accident tëscht Eischen an Habscht geruff ginn. Beim Accident ass et zum Gléck just zum Materialschued komm un 4 Autoen.Den CISH war ob Platz geruff ginn fir d’Strooss vun de Stécker an den ausgelafenden Motorflëssegkeeten ze botzen. Den CISH war ob der Platz mam: TLFA21 an MZF1 Des Weideren waren ob der Platz: Police Grand-Ducale an P&Ch (Like = Liesenswaert)

facebook.com

facebook.com

🚨🚨 Asaez am Oktober 🚨🚨 Update 17.10 • Den 03. Oktober um 23:32 Auer ass Permanence ob een Accident (VU2#A1) ob Streck Kreizerbuch- Saeul geruff gin, weinst engem Accident tescht engem Auto an engem Wëld. Ganz Streck ass ofgefuhr gin, mee et konnt keen Accident fonnt gin. No enger Nofro um 112, konnt no enger kurzer Zait festgestallt gin, dass Accident ob der Streck Brouch-Reckeng war, sou dass Permanence erem konnt eranfueren an den 112 den lokalen Corps dohinner gescheckt huet. • Den 06. Oktober um 08:08 Auer een Accident (VU1) tescht 4 Autoen ob der Streck Äischen-Habscht. Den 12. Oktober um 14:00 Auer een First Responder Asaz zu Roodt. Mat op der Platz eng Ambulanz vum Centre d'Incendie et de Secours Steinfort. Den 12. Oktober um 18:01 een (B1) Koup Gras waat ugefang huet mat brennen tescht Habscht an Stengefort. Den 17. Oktober um 20:00 Auer een Harrespelsnascht.

facebook.com

- B1 - Haut um Donneschden den 28.09.2017 ass den CISH géint 18-30 Auer ob een Autosbrand ob Habscht geruff ginn. Beim Antreffen ob der Asaatzplaatz war de Brand scho mëttels engem Feierläscher geläscht ginn, vun enger anerer Automobilistin, wat säi Feierläscher aus sengem Auto benotzt huet. Heiduerch konnt Schlëmmeres verhënnert ginn. Ee Member vum CIS-Simmer, deen zoufälleg mat engem Asaatzwoon um Wee vir bei den CISH war, ass och ob den Auto getraff an huet eng Hand ugepaakt. Et sief drop hi gewisen, dass wei hei am Beispill ee Feierläscher bezéiungsweis eng 1. Hëlleftruss, wann se agesat gëtt, Schlëmmeres verhënnere kann a souguer Liewe rette kann. Ob der Platz vum CISH: TLFA2-1, TSF1 Vum CIS-Simmer: KLF

facebook.com

Vir dei Leit dei nach wëllen ob eist Oktoberfest zu Habscht den 21.10.2017 kommen et sinn nach just folgend Meiglechkeeten do. 12 Tikeen ouni reserveiert Sëtzplaatz an 1 Dësch vir 6 Leit Package 2 an der Feuerstüble. Wien intresseiert ass schreift eng mail ob oktoberfest@sish.lu !! Et ass keng Oweskees !!

facebook.com

Donneschtes den 12. Oktober fänkt erem en 1. Hellefs Cours an der Gemeng Habscht un, parallel leeft den 9. Oktober een zu Stengegort un. Début cours de 1er secours en français mercredi le 11 octobre à Steinfort

facebook.com

Wann nach Leit intresseiert sinn vir eng Plaatz an der Feuerstüble mir hun de moien eng Ofsoo kritt an doduerch hun mir 2 Dëscher vun je 6 Leit frei. Daat ass den Package 2 a 45€ pro Persoun. Wann nach een intresseiert ass meld ierch iwwer mail ob oktoberfest@sish.lu Dei eischt sinn vir.

facebook.com

Moien an engem gudde Mount ass et erem esouweit daat zweet Äischdaller Oktoberfest den 21.10.17. Eis reserveiert Sëtzplaatzen sin schon all fort. Vir awer just en Patt drenken ze kommen hun mir nach e puer Tikeeën. Leider ginn dei eis och geschwënn aus dofir wann dir wëllt dobei sinn macht ierch bei. Entweder hei iwwer Facebook oder www.sish.lu oder bei engem Member vun eis.

facebook.com

Dëse Sonnden hunn eis Kollegen vum Centre d'Incendie et de Secours Tuntange hier Porte-Ouverte. Och mir sinn do mat eisem GW1 vertrueden a stellen deen aus. Mir freeën eis all Besuch deen eis an natierlech och den Tëntener hier Porte-Ouverte besiche kommen.

facebook.com

Quiz