Top Local Places

A Steffen's

49, An Urbech, Buschdorf, Luxembourg
Agricultural Cooperative

Description

ad

A Steffen's as ee Familjebetrieb d.h. e flotten Baurenhaff mat Mellechkéi a mir produzéieren och schons zenter Generatiounen lecker Gromperen.

RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

Mir iessen net nëmmen Nei Gromperen hei um Haff 😜🚜 sou eng Pizza aus dem Stee-Baakuewen huet dach och eppes........ 😎

facebook.com

Déi Nei Saison huet ugefaang. Mir hun de Mëtteg déi éischt fréi Gromperen eraus geholl. ANNABELLE an UKAMA. Sie gesi gudd aus a schmache super. Ab Freideg fann dir se rem am Supermarché an der "WAISSER TUUT" oder vun lo un direkt bei eis um Haff. Mir fréen eis op äre Besuch. :-D :-D :-D

facebook.com

Gudd Noriichten vum Haff, eis Kou ass rem heiheem. 2 ganzer Déeg wéi vum Erdbuedem verschlëckt, hu mer de Moien en fresche Koudreck op engem Wée, 2 Km vun heiheem, entdeckt. An durch Zoufall hu mer se entdeckt. Sie war total verschreckt a wosst nët wouhin. Sie ass dun rem gemittlech mat héem getreppelt an frou. A mir sin och immens frou. Waat fir eng Odyssee..... fir sie an och fir eis :-) Mir soen jidderengem villmools Merci fir d'Déelen vun der Norricht an d'Aen-Ophaalen an d'Nofroen.

facebook.com

Mir hun eng schwarz-waiss Kou verluer. Sie ass am Laaf vum Dag aus eiser Wiss beim Stall heiheem zu Beschdrëf ausgebext. Wann éen se begéint hei an der Géigend, kann en sech wann ech glift melden. Sie wellt bestemmt erëm héem a mir vermessen se och. 😢 Sie huet d Ouermarque 2748 🐄🐄🐄🐄🐄🐄

facebook.com

Besicht och dir dese Week-End d'Foire Agricole zu Ettelbrëck. Déi schéinsten Ausstellung vum Joer , do ass fir jiddereen eppes derbei.....🚜🐓🐖🐄🐂🐎🐥

facebook.com

Neiegkeete vum Haff Well et sou fuurchtbar drëschen ass, a keng Aussicht op Reen a well mer wellen hun, dass mir am Wanter genug Fudder fir eis Kéih hun, hu mir décidéiert, eis Wantergeescht, di jo normalerweis gedresch gett an d Stréih era geholl gett, anzesiléieren. Daat funktionnéiert esou 😎

facebook.com

Sou huet eist d Gromperefeld de 14.5.2017 ausgesin. Mir hun Enn Abrëll Nicola, Bintje, Désirée, Victoria, Ukama, Annabelle an Allians gesaat. Fir ze probéieren och eng nei Zort an zwar Bellana. Wann et lo nach gudde Reen giff gin, da wire mir zefridden 😎

facebook.com

Hei ass dé Beschten vum Haff, eise Benny <3 Lues a lues fänkt et un eidel ze gin an eisem Gromperekeller. Mir hun nach Victoria, Bintje an Nicola. Déi aner Zorten si schons ausverkaaf.

facebook.com

Mir sin do :-) Visit us @ Food Summit, in Luxembourg, Hall Victor Hugo on Tuesday 7th February 2017 www.foodsummit.lu

facebook.com

Mir wënschen Eech zesumme mat äerer Famill e gudde Rutsch an d'Neit Joer 2017 a fir daat Neit Joer, eng gudd Gesondhéet, e gesonden Optimismus, vill Fréed a Glëck an dass all äer Wönsch an Erfëllung gin 😄🍸☀️🎉🎁🍀

facebook.com

Wesst dir schons........... Alles waat é fir esou eng lecker Bûche , ze bake, brauch, kennt irgentwéi vun engem Bauerenhaff...... An dém Senn wënsche mir eech e schéint a friddlecht Chrëschtfest 🎄🍸❄️⛄️

facebook.com

Et ass Hierscht a mir kelleren fir de Wanter eis Gromperen an, daat héescht 1. huele mer d'Gromperen aus der Scheier an eise Gromperekeller, wou et nët dra fréiert a wou mir d'Méiglechkéet hun, wann et richteg kaal ass, ze hëtzen 2. sortéiere mir mam Trieur, déi kleng, déi getéitschten, déi ellen, déi gring eraus 3. gin d'Gromperen vun der Remorque aus iwert den Trieur mat engem Förderband op de Koup ( schéin all Zort extra) 4. den Ooffall gëtt un d'Kéih verfiddert (eng Délikatess fir sie) :-) 5. kann et da Wanter gin...........

facebook.com

Quiz