Top Local Places

Centre d'Intervention Bettembourg

2-4, rue James-Hilliard Polk, Bettembourg, Luxembourg
Fire Station

Description

ad

Einsatzzentrum Bettemburg Danke dass Sie sich das offizielle Profil des Einsatzzentrums Bettemburg ansehen. Hier werden regelmäßig Einsatzberichte sowie sonstige Aktivitäten und Informationen veröffentlicht.
Weitere Neuigkeiten und Informationen finden Sie auch auf www.cibett.lu.

Wir möchten darauf hinweisen, dass sich "Gefällt mir"-Angaben unter Einsatzberichten und -fotos auf die Berichterstattung und die Arbeit der Rettungsdienste beziehen und keinesfalls auf das Leid der Menschen in Not. Wir bitten dies zu berücksichtigen!

CONTACT

RECENT FACEBOOK POSTS

facebook.com

Lescht Woch huet den Éischt Hëllef Cours zu Beetebuerg ugefaangen, dëst mat groussem Intressi: 45 Leit engagéiere sech an de nächste Wochen fir déi wichteg Gester vun der Éischter Hëllef ze léieren, an am Noutfall kënne Liewen ze retten. Dësen a nächste Sonndeg fënnt och den Opfrëschungscours am Beräich Éischt Hëllef statt. Weider Infoen dozou fannt Dir hei: https://www.facebook.com/events/170661320148597/?fref=ts

facebook.com

2x eng 2. Plaz gouf et haut fir de CIBETT um nationalen Pompjeescross zu Iechternach. D'Anja Kirtz an de Steve Ceccon hun et an hiiren jeweilegen Kategorien op de Podium gepackt.

facebook.com

Haut den Owend fänkt den Éischt Hëllef Cours zu Beetebuerg un. De Cours ass gratis. Léiert och DIR Liewe retten - well am Noutfall kann all Sekonn entscheedent sinn. Fir Iech an är Matmenschen.

facebook.com

++ Auto a Brand ++ Och dës Nuecht sinn d'Pompjeeë Beetebuerg op e Brand alarméiert ginn. An der Ausfaart vun der A3 op d'A13 war en Auto a Brand geroden.

facebook.com

Eng Délégatioun vum CIBETT huet Haut un der Journée de la Commémoration nationale zu Beetebuerg deelgeholl.

facebook.com

Fannt hei all d'Fotoe vun de SecuriDays 2017 :-) Mir soen alle Bedeelegten e grousse Merci

facebook.com

E Sonndeg 24. September stoung déi 3. Editioun vun de SecuriDays um Programm. De ganzen Dag iwwer hu sech eng sëlleche Leit e Bild vun de Rettungsdéngschter gemaach. Nieft Ateliere vum Éischt Hëllef Team Kolléisch (EHTK) an dem CIBETT, hu Virféierunge vun de Jugendpompjeeë, vum Groupe Cynotechnique a vum CIBETT stattfonnt. Dës weideren waren eng Reih Gefierer ausgestallt. Nieft dem neien MTW fir de CIBETT waren och Ween vum CID Centre d'Intervention Dudelange an de Kran vum Service Incendie et Ambulance de la Ville de Luxembourg ze gesinn. E grousse Merci geet un all d'Membere vum CIBETT, un de CID an d'Pompjeeën Hesper fir déi materiell Ënnerstëtzung. Fotoen: Frédéric Schwarz

facebook.com

++ Puer Honnert Botten a Brand ++ An der Nuecht op e Samschdeg hunn zu Weiler-la-Tour puer Honnert Botte gebrannt. D'Läschaarbechten hunn déi ganz Nuecht iwwer gedauert. Op der Plaaz ware nieft dem CIBETT de CISRO - Centre d'Incendie et de Secours Roeserbann, d'Pompjeeën Uespelt an d'Pompjeeë Weiler-la-Tour

facebook.com

Fannt hei e Bléck hannert d'Kulisse vun de SecuriDays 2017. Preparatioune ware genuch ze treffen. E Brandhaus huet missen opgebaut ginn, all d'Stänn an de Catering opgeriicht ginn. Fotoen: Frédéric Schwarz

facebook.com

No laange Joere Paus war Samschdes den 23. September ërem e Pompjeesbal zu Beetebuerg, organiséiert vum CIBETT. Fannt hei e puer Andréck, festgehaale vum Frédéric Schwarz

facebook.com

++ Vill Aarbecht fir d'Rettungsdéngschter vu Beetebuerg ++ Um Dënschdegowend koum et op der A13 a Richtung Däitschland zu engem déidlechen Accident tëscht engem Camion an enger Camionnette. Bei de Rettungsaarbechte gouf och een Ambulancier liicht blesséiert. Kuerz drop gouf eng Dampentwécklung an der rue Michel Lentz gemellt. Dës sollt sech allerdéngs als Feelalarm erausstellen.

facebook.com

++ Rauchmelder fir all Neigebuerenen ++ Lauschtert hei e Reportage iwwert déi nei Campagne vum Asazzenter Beetebuerg zesumme mat der Gemeng Beetebuerg. An Zukunft wäert all Famill fir e Neigebuerenen eng Këscht mat engem Rauchmelder, Informatiounen an engem Petzi iwwerreecht kréien, dëst fir op déi liewensrettend Roll vu Rauchmelder opmierksam ze maachen.

facebook.com

Quiz

NEAR Centre d'Intervention Bettembourg