Top Local Places

Union Artisanale et Commerciale Bettembourg

9 Rue du Château, Bettembourg, Luxembourg
Community Organization

Description

ad

Union Artisanale et Commerciale de Bettembourg Am Joer 1936 huet eng handvoll dynamesch Handwierker a Geschäftsleit sech zesumme gesat vir d’Union Artisanale et commerciale de Bettembourg” ze grënnen.
Sie haten schonn deemools erkannt, dass en méi Weeër misst goen fir d’Geschäftsliewen an der Uertschaft Bétebuerg ze erhalen.
Och huet d’Betebuerger Geschäftswelt déi däischter Joeren vun 1940 – 1945 mat de Bierger erdroen missen. Et goung dunn mat neiem Eiffer un déi kommend Joere déi bestëmmt net einfach waren, vir all dat wat zerstéiert wor, erëm opzebauen.
Ëmmer méi huet den Handwierker oder Geschäftsmann sech der Zäit missen upassen, an dat war eng Erausfuerderung un d’UACB. Mat all dënnen neien Verkaf- a Geschätszenteren huet eng Uertschaft ewéi Bétebuerg et net liicht gehat, sech ze behaapten. Villes gouf an dënnen 50 Joer an Ideeën an d ‘Liewen gruef an organiséiert ewéi d’Semaine commerciale, d’Expo, d’Oeuvre ST.Nicolas, d’Porte du Sud, d’Ville fleurie, Mammendag an Pappendag.
Och am Veräinsliewen huet d ‘Geschäftswelt wären all dënnen Joeren derzou bäigedroen dass duerch hir Hëllef soe muench Leeschtong erbruecht gouf.
Eis Gemengeverwaltung hu mir oft opgesicht fir mat hinne eis Problemer, déi sech bei all dënnen Organisatiounen an Aktivitéiten stellen, ze diskutéieren an zesummen ze léisen.

All dat huet derzou bäigedroen Bétebuerg méi lieweg ze maachen an en enger Kontakt mat allen Awunner hierzestellen a schlussendlech sollen des Aktiounen dorop aus sinn en géigesäitegt Verständnes an Zesummeschaffen vun den Handwierker a Geschäftsleit op der enger Säit an der Awunnerschaft op der anere Säit ze awierken. Säit 1974 liewen mir all mat enger Krise. Och déi Selbststänneg hunn sech dëser stellen missen. Et huet sech och erwisen dass dynamesch flexibel Betriber an esou Zäiten déi beschten Stäip an engem klenge Land ewéi Lëtzebuerg sinn.
Mir hunn och der Jugend erméiglecht duerch Schnupperkursen an onsen Betriber sech e Bild vir hir spéider Berufswiel ze maachen.
D’UACB huet sech mat all dënnen Momenter vun dem leschten Joerzéngt versicht unzepassen, a mir kënnen mat Stolz behaapten, mir wären nach haut eng vun deenen Uertschaften wou d ‘Liewen an d’Geschäftsliewen nach luewenswäert ass. 50Joer sinn séit dem vergaang a mir wäerten och an Zukunft beweisen, dass mir d ‘Porte du Süd sinn, an ‘Liewensqualitéit duerch eist Schaffen erhalen, zum Wuel vun allen Awunner.

Quiz

NEAR Union Artisanale et Commerciale Bettembourg