Top Local Places

Theaterfrenn Beefort

5, rue belle vue, Beaufort, Luxembourg
Local business

Description

ad

Und wenn du den Eindruck hast, dass das Leben Theater ist, dann such dir eine Rolle aus, die dir so richtig Spaß macht Mit dem Leben ist es wie mit einem Theaterstück; es kommt nicht darauf an, wie lange es ist, sondern wie bunt.

Wéi dën Titel vun desser Seit ët seet spillt dën Theater eng grouss Roll, ma loose mër souguer soën eng primordial Roll, am Liewen vun deenen Leit déi zu deenen Frënn vum Theater vu Beefort do gehéiren. Si treffen sëch regelméisseg fir

1) Theater kucken zë goën
2) iwwert Theater zë schwätzen

an op een ët gleewen wëll oder och nët:

3) fir Theater zë spillen.

Et sin gréisstendeels Amateuren, natierlëch bestätegt ewéi iwerall d'Ausnahm d'Regel, an esou si mir dann och houfreg, deen een oder aaneren bessi méi professionnellen Acteur zë hun. Fir elo matt Nimm zë kommen wier vlaicht ë besseli affrontéiert, well sie kennen sëch an si sin kannt vun deenen déi wëssen wien si sin.

Eemol am Joer ass ët wou mir esou richtëg aktiv gin. Eemol am Joer spillen mir 3 Deeg laang Theater. WOU? Am Kummelsbau zu Beefort.

Daat "eemol am Joer 3 Deeg" daat ass dann och dën Highlight vun eiser Saison. Dofir schaffe mir, dofir plange mir, dofir streide mir, dofir jaitze mir, kraische mir, jéimere mir and dofir maache mir ons vill méi. A mir maachen ons déi méi nët nëmmen fir ons, mir maachen ët och fir eisen Publikum (eng altruistësch Oder schléit also och an eis) an ët gëtt fir ons keng méi eng schéin Belounung wéi ë gutt gefëlltenen Sall, ë gudde Publikum, vill laachen Gesiichter a vill Applaus.


Daat gëtt ons Joer fir Joer d'Bestätegung, dass mir ët richteg maachen.

CONTACT

Quiz